Joël Kitenge
Joël Kitenge | |
---|---|
Gebuer |
12. November 1987 Kinshasa |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Demokratesch Republik Kongo |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 175 cm |
Veräin/Ekipp |
CS Gréiwemaacher, CS Uewerkuer, Fola Esch, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, F91 Diddeleng, FC Schëffleng 95, CS Gréiwemaacher |
De Joël Ngoy Kitenge, gebuer den 12. November 1987 zu Kinshasa an der Demokratescher Republik Kongo, ass e lëtzebuergesch-DR-kongoleesesche (Sic!) Foussballspiller.[1]
De Kitenge ass Stiermer an huet säin éischte Match am A-Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp den 12. Oktober 2005 am WM-Qualifikatiounsmatch géint Estland gespillt. Tëscht dem 12. Oktober 2005 am 2. September 2011 huet hien 29-mol fir déi lëtzebuergesch foussballnatioanlekipp gespillt an dobäi 2 Goler geschoss.[2]
No kuerzer Statioun a Frankräich (2007) an Däitschland (bis Januar 2008) huet hien déi lescht Méint vun der Saison 2007/08 fir den hollännesche Club FC Lienden gespillt. Leiden war deen Ament an der Hoofdklasse C Zondag, enger vun den am Total aacht Klassen um héchsten Niveau am hollänneschen Amateursfoussball (Hoofdklasse). Am Summer 2008 huet de Kitenge den Transfert zeréck op Lëtzebuerg fir bei d'Escher Fola gemaach.
Säi méi jonke Brudder Aristote spillt och bei der Fola Foussball.
Clibb[3]
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- Jugend beim FC Schëffleng 95
- 1999-2004: FLF-Foussballschoul (Centre de Formation National)
- 2004-2006: CS Uewerkuer
- 2006-2007: FC Villefranche Beaujolais (Frankräich)
- 2007-2008: FC Emmendingen 03 (Däitschland)
- 2008-2008: FC Lienden (Holland)
- 2008-2012: CS Fola Esch
- ...