Johnny Horne

Vu Wikipedia
Johnny Horne
Gebuer Dezember 1916
Gestuerwen 25. Juli 2009
Aktivitéit Museker

Den Johnny Horne, Pseudonym vu Johnny Hornemann, gebuer am Dezember 1916 zu Rotterdam a gestuerwen de 25. Juli 2009 zu Lëtzebuerg, war en hollännesch-lëtzebuergesche Museker a Sänger.

Enn vun den 1930er Joren huet hien a verschiddene Formatioune gespillt an hat fir e puer Deeg mam hollänneschen Orchester Peter Sypenstein e Musekengagement am Stater Hotel Alfa. Nom Zweete Weltkrich koum hien zeréck op Lëtzebuerg an huet am Stater Conservatoire Kontrabass enseignéiert. Uganks der 1960er Joren huet hien am Jean Roderes Orchester gespillt a war deemno och op RTL ze héieren an ze gesinn. Si hunn an de Varietésemissioune Rendez-vous à Luxembourg a Vedette à vos ordres vill international bekannt Musekstare begleet. Hei ass hien och der amerikanescher Dänzerin a Sängerin Josephine Baker begéint.

Hie war ee vun den éischte Lëtzebuerger Sänger, deen eng Rei vu Schallplacken zu Paräis opgeholl huet. Seng bekanntst sinn Cigarette et Whisky a Concerto d'automne, déi him et souguer erlaabt hunn am Paräisser Olympia opzetrieden.

Bis an den héijen Alter eran huet hien am Varietéberäich op Volleksfester, Hochzäiten oder Baler gespillt.

Den Johnny Horne war am Andy Bausch sengem Documentaire Entrée d'artistes ze gesinn.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Doud vum Lëtzebuerger Museker a Sänger Johnny Horne" RTL.lu 28.07.2009, 09:54.