Joséphine Jaans
Joséphine Jaans | |
---|---|
Gebuertsnumm | Josephine Jaans |
Gebuer |
6. September 1890 Rëmeleng |
Gestuerwen |
6. Abrëll 1988 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fraerechtler, Resistenzler, Lycéesprofesser |
Famill | |
Bestuet mat | Gustave Jacquemart |
D'Joséphine Jaans, gebuer zu Rëmeleng de 6. September 1890, a gestuerwen zu Lëtzebuerg de 6. Abrëll 1988, bestuet Jacquemart-Jaans, war eng lëtzebuergesch Lycéesprofessesch, Sportsfonctionnairin, Resistenzlerin a Fraerechtlerin.
Si huet sech Zäit hires Liewens fir de soziale Wuelstand, Fraerechter an de Fraesport agesat a war bis zu hirem Doud Member a Presidentin vun der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte.
Si war d'Fra vum Gustave Jacquemart.
De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss um Belair no hir ze nennen[1]; och zu Bartreng ass eng Strooss no hir genannt.