Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande

Vu Wikipedia
Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande
Gebuer 11. Juli 1732
Bourg-en-Bresse
Gestuerwen 4. Abrëll 1807
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Collège de France
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Professer, Schrëftsteller
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Grand Orient de France, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino

De Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande gebuer den 11. Juli 1732 zu Bourg-en-Bresse am Departement Ain a Frankräich, a gestuerwen de 4. Abrëll 1807 zu Paräis, war e franséische Mathematiker an Astronom. Hie war de Koseng vum Michel Lefrançois de Lalande.

Aus sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

An der Astronomie war de Lalande als exzellente Professer a beléifte Publizist bekannt, ë. a. duerch säi Léierbuch Traité d'astronomie (1764 a 1771). Seng Method fir d'Bunnbestëmmung vu Koméiten huet z. B. 1800 de Friedrich Wilhelm Bessel dozou bruecht, Astronom ze ginn.

Den De Lalande huet seng Studenten no alle Kräften ënnerstëtzt, wann hie gesinn huet datt si fir eng Spëtzefuerschung gëeegent waren, wéi z. B. de Jean Baptiste Joseph Delambre oder de Pierre François André Méchain. Gläichzäiteg gouf him Houfert nogesot a säi "komescht" Gesiicht war dacks d'Zil vu Karikaturen. Als Paräisser Rekter huet hien duerchgesat, datt och Meedercher studéiere konnten. Seng Liewensgefährtin gouf déi éischt Professesch fir Astronomie.

Grouss Verdéngschter ëm Bunnbestëmmunge vu Koméiten an éischt Uwennunge vum Dräikierperproblem hunn hie mat Zäit zu engem respektéierte Member vun der Paräisser Akademie gemaach. Obwuel och als Mathematiker bekannt, berouen déi Reussitte méi op intensivem Asaz vun numerescher Mathematik wéi op Innovatioun. Eréischt 40 Joer méi spéit geléngt et dem Heinrich Olbers, méi séier Methoden ze fannen.

Am Joer 1771 geléngt et dem de Lalande, aus weltwäite Beobachtunge vu Venustransiten (1761 a 1769) eng verbessert Äerdbunn ze berechnen. Säi Wäert vun der "Astronomescher Enheet" (A.E.) vu [153 ±1] Mill.km stëmmt mat deem vun haut 149,6 schonn op 2 % iwwereneen. De selwechte Wäert huet de Johann Franz Encke 1835 erausfonnt, wärend de Chanoine Alexandre-Guy Pingré op 142,9 koum.

Säin Numm a säi Studium[änneren | Quelltext änneren]

Bei den Date vum Lalande trieden historesch Onstëmmegkeeten op. Verschidde Quelle ginn d'Liewenszäit vu 1713 bis 1762 un, an an deenen éischten 20 Liewensjore soll hien (no sengem Papp) den Numm Jérôme Le Français gedroen hunn.

Duerno huet hie sech Jérôme Le Français de la Lande genannt. Wéi awer d'Franséisch Revolutioun ausgebrach ass, waren aristokratesch Nimm net gefrot. Sou huet hie säin Numm verrännert op Jérôme Lefrançois de Lalande. Hie war an där Zäit net deen eenzege Mathematiker, dee säin Numm geännert huet.

Den de Lalande goung am Ufank an eng Jesuitteschoul an huet dunn op e Rechtswëssenschaft-Studium gewiesselt. Doduerch koum hien op d'Astronomie, well hien an engem Paräisser Hotel de Joseph Nicolas Delisle kenne geléiert huet, deen do säin Observatoire hat. D'Stären hunn den de Lalande faszinéiert an hien huet Virträg vum Delisle a Mathematesch Physik beim Pierre Lemonnier beluecht.

Weider Statioune vum Lalande a Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Voyage d'un françois en Italie, geschriwwen an de Joren 1765 an 1766. Band 1, 1769
  • 1760-1776 Editeur vun "Connaissance des temps", dat wichtegst Astronomescht Joerbuch vu Frankräich.
  • Ënnerbriechung wärend der Franséischer Revolutioun, Virbereedung vu "Mounddistanzen" zu Stären (Wichteg fir d'Navigatioun)
  • Neioplag vun der Edition vu 1794 u bis zum Doud vum Lalande 1807.
  • 1762 Nofollger vu sengem Meeschter Delisle als Astronomie-Professer am Collège Royal - fir voll 46 Joer.
  • Venusduerchgäng 1761 an 1769 – op der ganzer Welt zu Parallaxe-Miessunge benotzt (ë. a. vum Cpt. James Cook) an och vum Lalande beaarbecht.
  • 1765-1766 an Italien, Poopstaudienz mat dem Wonsch, d'Wierker vum Kopernikus a Galileo vum "Index" ze huelen (8-bänneg Voyage d'un français en Italie 1769 mat touristeschen Detailer).
  • England-Rees, Greenwich an Harrisons weltbekannten Aueren – d'Konkurrenz zum Lalande senge Moundtafelen.
  • Bekannt duerch verschidde Bicher - vu reng wëssenschaftlech bis zu Populär-Literatur; 1764 Traité d'astronomie a weider 4 Bänn 1771-1781,
  • 1778 Des canaux de navigation et spécialement du canal de Languedoc
  • 1785 Astronomie des dames betount Bedeitung vu weibleche Fuerscher. Dem Lalande seng Liewensgefährtin Louise-Elizabeth-Félicité du Piery gëtt spéider déi éischt Professesch vun der Astronomie.
  • 1791 gëtt de Lalande Rekter vum Collège de France, a fir d'éischt sinn och Studentinnen zougelooss.
  • 1792 3. Oplo vun der Traité (hsg. vum Jean Baptiste Joseph Delambre: ausser wëss. Léierbuch och een Handbuch fir Miessungen.
  • 1793 Abrégé de navigation historique, théorétique, et practique, Navigatiouns-Tabelle berechent vun der Marie-Jeanne de Harlay.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jérôme Lalande – Biller, Videoen oder Audiodateien