Joseph Sünnen
Ausgesinn
| Joseph Sünnen | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Jean Joseph Sünnen |
| Gebuer |
1. Dezember 1894 Bech-Maacher |
| Gestuerwen |
15. Mee 1969 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Moler |
|
| |
De Joseph (Jos) Sünnen, gebuer den 1. Dezember 1894 zu Bech-Maacher, a gestuerwen[1] de 15. Mee 1969 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuegesche Moler a Sculpteur, dee virun allem fir seng Biller vun der Muselgéigend bekannt ass.[2]
Hien ass 1914 an d'Klouschterschoul vu Maredsous an der Belsch gaangen. 1917 ass en op Düsseldorf geplënnert, fir do op d'Kunstgewerbeschule ze goen. Vun 1926 un huet e sech zu Düsseldorf als fräischaffende Kënschtler etabléiert. 1940 huet e säin Atelier nees a säi Gebuertshaus zu Bech-Maacher verluecht, dat haut eng Konschtgalerie ass.
Ausstellungen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1923, Athénée, Stad Lëtzebuerg
- 1927, Stadhaus, Lëtzebuerg
- 1935, International Ausstellung, Bréissel
- 1937, Musée d'Art Moderne, Paräis
- 1959, Sünnen a Cito, Munneref
- 1960, Galerie d'Art, Esch-Uelzecht
- 1963, Galerie d'Art, Esch-Uelzecht
- 1969, Haus Sünnen, Bech-Maacher
- 1982, Galerie Sünnen, Bech-Maacher
- 1982, Stadhaus, Déifferdeng
- 1985, Bank UCL, Esch-Uelzecht
- 1989, Galerie Sünnen, Bech-Maacher
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes
- Fresken an der Kierch zu Bech-Maacher
- Fresken an der Genossenschaftskellerei zu Welleschten
- Donatus-Monument am Éislek tëscht Mäerkels an Alschent[3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Malgorzata Nowara."Jos Sünnen." https://www.konschtlexikon.mnaha.lu/entry/lkl000177/. Last updated 2023-02-17.
- Malget, Jean: Die Maler der Mosel Nik Brücher, Nico Klopp und Joseph Sünnen im Licht ihrer Korrespondenz, J. Malget, Éilereng, 2006
- Herr, Lambert: Anthologie des Arts au Luxembourg, 1992, Éditions Émile Borschette, S.376-377
- Monographie: Joseph Sünnen, 1982, verschidden Auteuren, Les Publications mosellanes, Schwebsange
- Braun-Breck, Lotty: Eine ehrliche und leichtverständliche Kunst, Betrachtungen zum 100. Geburtstag des Malers Jos Sünnen Die Warte (Beilage Lux. Wort) 1. Dezember 1994
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, 2006
- ↑ (en) Malgorzata Nowara, Jos Sünnen. Lëtzebuerger Konschtlexikon (17-02-2023). Gekuckt de 15.07.2025.
- ↑ Haan, J., 1934. Das Donatus-Denkmal in Merkholtz-Alscheid. A-Z Luxemburger Illustrierte vum 26. August 1934, S. 12-13.(Link)
