Joseph Schroeder
| Joseph Schroeder | |
|---|---|
| Gebuer |
30. Mee 1892 Déifferdeng |
| Gestuerwen |
1. Oktober 1971 Esch-Uelzecht |
|
| |
De Joseph Schroeder, gebuer den 30. Mee 1892 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 1. Oktober 1971 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Politiker, Chimieslaborant, Journalist a Gemengebeamten.[1]
Hien huet no senger Primärschoul, an enger Léier, als Laborant op der Déifferdenger Schmelz (1905-1912) an zu Esch op der Arbed (1912-1932) geschafft. Dono war hien, bis 1940, Journalist beim Escher Tageblatt. An an och nom Krich huet hien, bis 1957, an der Escher Bibliothéik geschafft.
Hie war, vun 1929 bis zum Ausbroch vum Krich, Member vum Escher Gemengerot fir d'Sozialistesch Partei. Nom Krich hat hie Sträit mat dëser Partei kritt an ass du Member vun der Kommunistescher Partei ginn, fir déi e vun 1958 bis 1969 am Gemengerot vun Esch souz.
Bei de Partielle Chamberwale vum 3. Juni 1934 gouf hien op der Südlëscht vun der Lëtzebuergescher Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.178.
