Josy Christen

Vu Wikipedia
Josy Christen
Gebuer 10. November 1950
Bartreng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Schoulmeeschter

De Josy Christen, gebuer den 10. November 1950 zu Bartreng, ass e pensionéierte Schoulmeeschter an Auteur.[1]

De Josy Christen ass zu Bartreng an d'Primärschoul gaangen an duerno an den Atheneum an op den "Institut Pédagogique" zu Walfer.

Vun 1973 u war hie Schoulmeeschter zu Bartreng.

Vun 1967 bis 1973 war hie fräie Mataarbechter vun der Kanneremissioun vu Radio Lëtzebuerg (z. B. Lausbouwen- an Abenteuergeschichten, Texter fir Niklosdag, Chrëschtdag, Mammen- a Pappendag asw.) an huet och fir d'Sendung 'Kultur hallef Stonn' Gedichter, Erzielungen a Lauschterspiller geschriwwen.

Hien huet och reegelméisseg Texter fir d'Kulturbäilag 'Le Phare' vum Tageblatt geschriwwen, ë. a. Gedichter aus sengem éischte Gedichtband "Liewes-Latäin" (1970 / Eegeverlag).

Vun 1975 u war hien och Mataarbechter vun der Revue de la Jeunesse vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Revue[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1984 bis 2015 huet de Josy Christen all Joer politesch a sozialkritesch Sketcher a Lidder fir d'Revue vum "Lëtzebuerger Theater" geschriwwen (Pseudonym: Jochri) - vun 1988 bis 2002 och de "Schnëssert" fir de René Pütz, wou an enger onlogescher Logik iwwer déi lescht Aktualitéiten aus der Perspektiv vum "klenge Mann" philosophéiert gouf.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Abee Merci! (1987), Gedichter (Eegeverlag)
  • Stëpplereien (1998), Gedichter (Eegeverlag) ISBN 2-87977-009-2
  • Häppi Lëtzebuerg (2009), satiresch Lidder a Gedichter aus 25 Joer "Revue" a Kabarä (Eegeverlag) ISBN 978-2-87996-616-8

Lauschtergeschichte fir Kanner[änneren | Quelltext änneren]

(LP-Disk, Audio-Kassett, CD)

  • D'Feldmaus an d'Statmaus - De Wollef an de Fuuss (1982)
  • De Max an de Moritz (1985)
  • De Pinocchio (1985)
  • Op der Däiwelsbuerg (1989)
  • De Clown Beppo (1989)
  • Déierefabelen (1991)
  • De Batti Schnoffelnues (1991) - Produktioun "Luxembourg Sound "
  • De Max an de Moritz (2003)
  • D'Hex Zauselkätti (2006) - Produktioun "Minimix"

Kannerbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Allerhand duercherneen (1974), Gedichter, Éditions Instituteurs Réunis
  • Vun hei a vun do (1981), Gedichter, Éditions Syndicat National des Enseignants
  • Flott Saachen (1988), Gedichter, Éditions Syndicat National des Enseignants
  • De Max an de Moritz (1993), de Wilhelm Busch op Lëtzebuergesch, Éditions "Revue"
  • De Jang Huppebeen a Compagnie (2000), dem Wilhelm Busch seng Gedichter op Lëtzebuergesch, Éditions Syndicat National des Enseignants

Theaterstécker[änneren | Quelltext änneren]

  • Vun 1977 un Adaptatiounen an eege Stécker fir d'Veräinsbüne wéi "Sou kënnt een op den Hond " - "De Professer Kinkerlitzchen" - " D'Famill Frippgen" - "De Köppgesbaacher Mates" - "Der Däiwel beim Päerdsmetzler" - "Gewulls an de Kornischongen" - "Paltong, Box an Hiem" - "Fofzeg Kilo wäiss Fuerf" - "Tuttlabuttek" - "Kuddel-Muddel" - "Do mengs de, du misst!" - "Knëppeldéck" - "Don Camillo a Peppone" - "De Beichtstull" - "Leschte Büro, zweete Stack" - "Dee Leschten no Feierowend"...
  • "D'Famill Frippgen" (1984),um RTBF 1 mat franséischen Ënnertitelen, gespillt vun der "Amicale de Wolkrange"
  • "De leschte Kreesch" (1996), gespillt vum "Letzebuerger Theater" am Stater Theater
  • "Familljegeheimnis" (2009), gespillt vum "Letzebuerger Theater" am Kapuzinertheater
  • "Geckege Frick" (2010),gespillt vum "Letzebuerger Theater" am Kapuzinertheater
  • "Voll dernieft !" (2011),gespillt vum "Letzebuerger Theater" an dem Mamer Kinneksbond an am Kapuzinertheater[2]
  • Kannertheater: "Op der Däiwelsbuerg" (1980) a "Looss de Peppo dreemen !" (1984), gespillt vum TOL am Stater Theater

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • Kabarä-Programmer mat Sketcher a Lidder fir den Theaterveräin "Bartrenger Kaméidi"
  • Lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Wilhelm Busch: "De Max an de Moritz" (1995), "De Jang Huppebeen" (Hans Huckebein, 1997) an "De Plätsch an de Plomm" (Plitsch und Plum, 1999), zesumme mat den Iwwersetzungen an däitschen Dialekter (mat spezifeschen Explikatiounen iwwer d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg), erausgi vum Manfred Görlach, Universitätsverlag C. Winter, Heidelberg
  • Den DNR-Schnëssert: all Dag en aktuelle "Schnëssert" fir de René Pütz um DNR (2000 / 2001)
  • Gedichter an Texter an den offizielle Lëtzebuerger Schoulbicher "Lies a Fléi" vum Ministère de l'Education Nationale (fir de Cycle 3, fréiere Mëttelgrad, 2003 / fir de Cycle 4, fréieren Uewergrad, 2006)
  • Däitsch Lyrik

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Josy Christen op der Websäit vum Luxemburger Autorenlexikon
  2. *Websäit vum "Lëtzebuerger Theater"