Jules Salentiny (Jurist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Jules Salentiny. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Jules Salentiny.
Jules Salentiny
Gebuer 3. Abrëll 1894
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Juni 1962
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Famill
Papp Jules Salentiny

De Jules Salentiny, gebuer den 3. Abrëll 1894 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 19. Juni 1962[1], war e lëtzebuergesche Jurist a Magistrat

Hie staamt aus enger Juristefamill vun Ettelbréck. Säi Grousspapp Charles Jean Pierre Salentiny war Deputéierten an Affekot zu Dikrech, a säi Papp, war de Jules Salentiny, Direkter vun der Forstverwaltung. No senger Première am Kolléisch huet hien Droit op de Cours supérieurs studéiert.

Seng Affekote-Vereedegung war den 10. Januar 1919. Zwee Joer drop huet hien den Notariatsexame gemaach. Duerno huet hien an der Magistratur Karriär gemaach. An de Joren nom Zweete Weltkrich hat hien iwwer Kollaborateuren a Krichsverbriecher ze riichten. De 14. Oktober 1953 gouf hie President vum Ieweschte Geriichtshaff.

1959 gouf e pensionéiert.

De Jules Salentiny war net bestuet an hat och keng Nokommen, sou datt hie per Testament säi Verméige gréisstendeels der Stad Lëtzebuerg vermaacht hat. Als Undenken un hie gouf um Zens eng Strooss no him genannt: de Boulevard Jules Salentiny (L-2511).

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)Avis de décès - Jules Salentiny. Digitised by the National Library of Luxembourg, 11. Luxemburger Wort (21. Juni 1962). Gekuckt de(n) 2023-12-31.
  2. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1954 Memorial A N° 9 vun 1954 Gearchiveerd op 2015-10-01. Gekuckt de(n) 2013-01-06.
  3. (fr)STADT LUXEMBURG - Luxemburg, 23. November - Distinctions honorifiques.. Digitised by the National Library of Luxembourg 4. Luxemburger Wort (23. November 1957). Gekuckt de(n) 2023-12-31.