Kënnerchersmaart

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Um Kënnerchersmaart hu fréier d'Kniecht an d'Meed sech verdankt oder si vun engem Meeschter gedankt ginn. De Kënnerchersmaart hat meeschtens e regionalen a lokalen Charakter. An Däitschland ass meeschtens vun engem Gesindemarkt rieds gaangen.

An der Äifel[änneren | Quelltext änneren]

An der Äifel waren sou Mäert geleefeg. Bis zum Ufank vun den 1870er Jore gouf et sou Mäert nach zu Bitburg, Wittlich, Wetteldorf bei Schönecken, an der Neierbuerg, zu Cochem a Münstermaifeld.

Well d'Bauere fréier keng Maschinnen haten, hunn d'Aarbechten an der Landwirtschaft vu Kniechten a Meed, dem Gesinde, wéi et op Däitsch heescht, gemaach musse ginn. Op de Kënnerchersmäert hu sech am Dezember d'Kniecht, d'Meed, d'Kichemeedercher, d'Kichejongen an d'Schéifer fir dat nächst Joer verdankt. D'Kniecht an d'Hauspersonal hunn ëmmer op Liichtmëssdag gewiesselt.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • Ganz bekannte Kënnerchersmäert zu Lëtzebuerg ware fréier an der Stad Lëtzebuerg an zu Dikrech. D'Kniechten an d'Meed stoungen do op der Haaptplaz an hunn op e Meeschter gewaart, dee se gedankt huet. Dat ass duerch Handschlag geschitt. Schrëftlech gouf näischt festgehalen.
  • Als Kënnerchesmaart, an der Ëmgangssprooch, gëtt haut an der Éducation nationale d'Reunioun tëscht de Verantwortleche vum Ministère an de Schouldirektere bezeechent, an där déi nei genannt jonk Professeren op déi verschidde Lycéeën am Land verdeelt ginn. Dëse Kënnerchesmaart ass all Joer Enn Juni bis Ufank Juli.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bertolt Brecht: Herr Puntila und sein Knecht Matti. A sengem Theaterstéck léisst de Brecht déi zwéin op de Gesindemarkt goen, fir do nei Aarbechter ze dangen.
  • Willi Steffens: Gesindemärkte in der Eifel, an: Heimatjahrbuch Kreis Düren 1969, Eifelverein in Zusammenarbeit mit der Kreisverwaltung Düren, Düren 1969

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]