Kaimaninselen
Cayman Islands Kaimaninselen | |||||
| |||||
National Devise: He hath founded it upon the seas (engl., „En huet et um Mier gegrënnt“) | |||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Haaptstad: | George Town | ||||
Staatsform: | Iwwerséigebitt vu Groussbritannien | ||||
• Kinnigin: | Elisabeth II., vertrueden durch de Gouverneur Helen Kilpatrick | ||||
• Premierminister: | McKeeva Bush | ||||
Fläch: | 262 km² | ||||
Bevëlkerung: | 45.436 (Quell: CIA 2006) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 139,5/km² | ||||
Nationalhymn: | God Save the King Beloved Isles Cayman (inoffiziell) | ||||
Wärung: | Kaiman-Dollar (KYD) | ||||
Zäitzon: | UTC UTC-5 | ||||
Internet TLD: | .ky | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+1 (345) |
D'Kaimaninselen (engl.: Cayman Islands) sinn eng Inselgrupp an der Karibik an en Iwwerséigebitt vum Vereenegte Kinnekräich.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Insele kruten hiren Numm vun de Spatzkrokodillen déi do doheem sinn an déi an der Sprooch vun de Kariben Cayman genannt ginn.
D'Inselgrupp besteet aus dräi Inselen, Grand Cayman, Little Cayman a Cayman Brac a läit ongeféier 750 km südlech vu Miami/Florida an ongeféier 300 km nordwestlech vu Jamaika. D'Insele verdeele sech op eng Fläch vun ongeféier 262 km², a Grand Cayman, mat 198 km², ass déi gréisst dovun.
D'Insele si Spëtze vu enger Biergketten, der Cayman Ridge, déi bis op Kuba geet.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Ongeféier 90 % vun de 44.270 Awunner liewen op der grousser Insel Grand Cayman. Am Laf vun de Joerhonnerten ass eng gemëscht Bevëlkerung entstanen, déi awer ganz stolz drop ass, datt et ënner deene verschiddenen Ethnie keng Reiwereie gëtt. D'Bräich sinn nach déi selwecht wéi déi vun den éischte brittesche Siidler déi am 18. Joerhonnert op d'Insel koumen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]No der Entdeckung duerch de Kolumbus den 10. Mee 1503, wéi seng Schëffer vun der Route déi virgesi war ofkomm waren, an hien duerch Zoufall dunn d'Inselen entdeckt huet, goufe se Las Tortugas genannt. Eréischt am 17. Joerhonnert goufen d'Insele vu Jamaika aus besiidelt.
Wéi Jamaika onofhängeg gouf hunn d'Leit op der Insel decidéiert datt si wollten eng Kolonie vun England ginn, a si kruten e Gouverneur. Zanter 1962 hu si de Status vun enger brittescher Krounkolonie mat Eegeverwaltung.
Reesen
[änneren | Quelltext änneren]Fir op d'Inselen ze komme brauchen EU-Bierger kee Visa, et ass just virgeschriwwen datt een e Pass muss hunn deen nach sechs Méint gëlteg ass.
Fluchhäfen
[änneren | Quelltext änneren]- Owen Roberts International Airport op der Insel Grand Cayman (IATA-Fluchhafecode: GCM)
- Little Cayman Airport op Little Cayman (IATA-Fluchhafecode: LYB)
- Gerrard Smith Airport op Cayman Brac (IATA-Fluchhafecode: CYB)
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]D'Kaimaninsele ginn och nach d'Schwäiz vun der Karibik genannt, well bal all Banke vun der Welt do vertruede sinn. Dëst ass haaptsächlech op déi gënschteg Steierkonditioune vun der Kolonie zeréckzeféieren. D'Haaptstad George Town ass déi fënneftgréisst Finanzplaz op der Welt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kaimaninselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |