Kapell vun der italieenescher Gemeinschaft zu Esch-Uelzecht
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Esch-Uelzecht | |||
Par | Esch-Uelzecht Sainte-Famille | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Baujoer | 1947 | |||
Koordinaten | 49° 29’ 25.2’’ N 05° 58’ 43.8’’ O | |||
Déi 1. Kierch vun der italieenescher Missioun zu Esch-Uelzecht, 1903 geweit, se stoung do, wou haut d'Grenzerkierch steet. | ||||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell vun der italieenescher Gemeinschaft (Missioun) zu Esch-Uelzecht, op 5 Boulevard Prince Henri, ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am leschte Joerzéngt vum 19. Joerhonnert koume vill italieenesch Migranten, besonnesch aus Norditalien, an de Stolsecteur an der Minettsgéigend schaffen. D'kathoulescher Kierch ënnert dem Bëschof Jean-Joseph Koppes wollt verhënneren, datt déi Gleeweg net-chrëschtleche Sekten a politesche Beweegungen, déi net mam Katholizismus am Aklang waren, ausgesat wieren. Duerfir goufen dräi wichteg Initiativen ergraff: am Priisterseminär gouf Italieenesch als Flichtfach agefouert, an alle Poren an deene vill Italieener gelieft hunn, huet missen op d'mannst ee Paschtouer sinn, deen italieenesch geschwat huet an d'Caritas Lëtzebuerg zu Freiburg am Breisgau sollt sech ëm Sozialhëllef këmmeren.
An den 1900er Joren hunn 7.763 Italieener am Kanton Esch-Uelzecht gelieft, vun deenen 213 an d'Lëtzebuerger Grondschoule gaange sinn.
De 5. Mäerz 1903 huet den éischte Bonomellianer-Missionar, de Mons. Zavattaro sech zesumme mam Nicola Berwich zu Diddeleng ëm d'italieenesch Aarbechter gekëmmert. No e puer Méint ass hien op Esch-Grenz an d'Rue d'Audun 42 (haut 2, Rue d'Audun) geplënnert, wou eng grouss italieenesch Gemeinschaft gelieft huet. Deemools huet de Quartier Grenz zur Por St. Jousef gehéiert. Duerfir huet de Mons. Zavattaro d'Mass fir d'Italieener entweeder an der Jousefskierch gefeiert oder an der Sabatini-Pensioun am Quartier Brill op 2 Rue des Boers (haut Rue Nelson Mandela).
Den Escher Gemengesekretär Jean-Pierre Claude huet derfir gesuergt, datt de Mons. Zavattaro fir e Loyer vun 100 Frang d'Joer um Terrain op 11 Boulevard Prince Henri eng kleng Kierch baue konnt. Duerch Spende konnten déi italieenesch Migranten an e puer Méint hir italieenesch Kapell bauen. An dëser Kapell war Plaz fir 150 Leit. Am September 1903 gouf dës italieenesch Kapell vum Mons. Werthmann, dem Leeder vun den Aarbechtersekretariater zu Lëtzebuerg feierlech ageweit. 1914 gouf de Jean-Pierre Claude zum benevole Vizekonsul vun Italien ernannt, dat hie bis zu sengem Doud am Joer 1931 bliwwen ass.
1913 gouf dës Kapell zum Sëtz vun enger neier Escher Por, der Häerz-Jesu Por, déi sech un d'Lëtzebuerger an d'Italieener aus dem Quartier geriicht huet. Déi italieenesch Missionare hunn eng Rei Jore méi spéit den Hotel Sabatini opkaaft, an deem 1923 och eng Kapell ageriicht gouf. Déi éischt italieenesch Kapell gouf duerno ofgerappt fir der Grenzerkierch Sacré-Coeur Plaz ze maachen.
Nom Zweete Weltkrich war an der Grenzerkierch e Paschtouer, dee gemengt huet Italieenesch wier eng faschistesch Sprooch an se duerfir verbueden huet.
Déi italieenesch scalabriniasch Missionaren hunn 1947 nom Projet vum Aurelio Sabatini eng nei Kapell gebaut an dat an der Verlängerung vum Hotel Sabatini. Et ass bis haut d'Kapell vun der italieenescher Missioun. An dëser Kapell ginn awer och déi portugiisech Migrante reliéis betreit.