Kierch Éilereng

Vu Wikipedia
Kierch vun Éilereng
Parkierch vun Éilereng (2013)

Parkierch vun Éilereng (2013)
Parkierch vun Éilereng (2013)
Uertschaft / Plaz Éilereng
Par Par Suessem
Christ Sauveur
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Remakel
Baujoer 1747
Koordinaten 49° 31’ 25.1’’ N
      05° 58’ 02.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Éilereng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Suessem Christ Sauveur, an zu der Gemeng Suessem gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.

Se steet um CR172 (Monnerecherstrooss). Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Éilereng ass déi klengst vun de fënnef Paren aus dem Parverband a gouf 1952 staatlech unerkannt. Bis 1805 war et eng Filial vu St. Viktor vun Zolwer. D'Paschtoueschhaus ass 1807 gebaut ginn.

D'Kierch gouf 1747 gebaut a vun 1948-52 zur haiteger Form vergréissert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Éilereng – Biller, Videoen oder Audiodateien