Gehaanskierch vu Bech

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Bech)
Kierch vu Bech

Uertschaft / Plaz Bech
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Konsekratioun 1875
Architekt(en) Charles Arendt
Koordinaten 49° 45’ 08.2’’ N
      06° 21’ 47.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Gehaanskierch vu Bech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vum CR132 mat dem CR137 an CR138. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 29. Dezember 2017 gouf se op d'Lëscht vum Zousazinvetaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 1148 ass zu Bech déi éischt Kéier eng Kierch mat engem Kierfecht ernimmt ginn.
  • 1613 an 1713 gouf déi baufälleg Kapell an d'Rei gesat.
  • Ufangs ass d'Kapell vun Iechternach aus zerwéiert ginn, awer 1738 a 1772 gëtt e Priister ernimmt deen am Duerf wunnt.
  • Bech ass vun 1803 bis 1805 fir kuerz Zäit eng eege Par ginn, duerno ass et zur Par Hemstel komm. Eréischt 1808 ass et definitiv eng eege Par ginn.
  • 1828 ass d'Kierch nees a schlechtem Zoustand an den Deche vun Iechternach freet no enger dréngender Reparatur.
  • 1841 gouf vum Kiercherot festgestallt datt d'Kierch vill ze kleng ass. 1842 sinn d'Aarbechte fir eng Vergréisserung vun der Gemengeverwaltung an Optrag gi ginn, awer 1844 sinn déi nach ëmmer net fäerdeg. Dofir koum et zu engem Bréif un de Bëschof fir datt dee sech der Saach sollt unhuelen.
  • 1855 sinn nei Kräizweestatiounen aus Holz ugeschaaft ginn. Et sinn och nach verschidden Usträicheraarbechte gemaach ginn.

Dat haitegt Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Parkierch gouf 1875 no de Pläng vum Charles Arendt gebaut an den 21. November 1875 konsekréiert.[2] 20 Joer no der Konsekratioun ass d'Kierch nei ugestrach ginn, d'Rëss an de Verwëllef goufen ausgebessert an d'Chouerwänn si mat Molereie verschéinert ginn.

Am September 1908 sinn 3 nei Klacken ageweit ginn, déi an der Klackegéisserei Hansen vu Saarburg gegoss goufen. Den 1. Oktober 1908 gouf och eng Tuermauer installéiert.

Enn 1920 gouf deen haitegen Duxall agebaut.

Enn vun den 1960er bis Ufank vun den 1970er Jore si Renovatiounsaarbechten un der Kierch a verschidden Ëmännerunge gemaach ginn fir s'un déi liturgesch Erneierung vum 2. vatikanesche Konzil unzepassen. 1972 ass eng nei Helleg-Jousef-Grupp aus Steen an nei Kräizweestatiounen aus Keramik ugeschaaft ginn. Am selwechte Joer sinn och nach zwéi wäertvoll eeler Beichtstill ugeschaaft ginn.

Mëtt vun den 1990er Joren ass beschloss ginn, d'Kierch ze renovéieren. Dobäi sinn déi fréier Molereien, déi iwwerstrach gi waren, vun der d'Firma Kremer vun Housen nees fräigeluecht ginn. Fir Ouschteren 1998 war de Chouer vun der Kierch fäerdeg restauréiert. Bei der Renovéierung sinn och nach gréisser Aarbechten um Daach, de Fënsteren an un der Heizung gemaach ginn.

D'Paschtéier vun der Par Bech[änneren | Quelltext änneren]

  • Faber Johann, Beefort (1.7.1808-2.12.1819)
  • Küntziger Michel, Nidderpallen (29.1.1820-1.5.1825)
  • Pütz Mathias (Vik. Konsdref, Verwalter), Obersyren (2.5.1825-1.10.1825)
  • id. (1.10.1825-25.3.1848)
  • Bram Christophe, Lëtzebuerg (27.3.1848-17.11.1850)
  • Briesse Guillaume, Pafendall (4.2.1821[3]-15.2.1895)
  • Reuter Mathias, Welschent (20.9.1895-14.11.1904)
  • Hemmen Nicolas, Welleschten (26.11.1904-16.11.1918)
  • Hartmann A. (Verwalter), Iechternach (20.11.1918-2.7.1919)
  • Linden Emile, Péiteng (2.7.1919-5.9.1928)
  • Galles Alphonse, Eech (5.9.1928-1.12.1941)
  • Knepper Joseph, Kielen (1.12.1941-1.9.1967)
  • Rhein Charles, Gréiwemaacher (1.9.67-1.9.1978)
  • Bemtgen Georges, Rëmerschen (1.9.78-1.9.1988)
  • Baustert Paul, Lëtzebuerg (1.9.88-1.9.1990)
  • Morbach Carlo, Kanech (1.9.1990 -)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gehaanskierch vu Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté ministériel du 29 décembre 2017; Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Artikel am Wort vum 25. November 1875 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-12-15.
  3. [query.an.etat.lu/Query/Dateien/11/D55624.pdf ANLux, CT-03-02-0818, Luxembourg - naissances, n° 223, 1821.]. Gekuckt de(n) 7.8.2020.