Kierch Lëtzebuerg-Hollerech

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Hollerech)
Kierch vun Hollerech
Kierch vun Hollerech

Kierch vun Hollerech
Kierch vun Hollerech
Uertschaft / Plaz Hollerech
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Paulus
Architekt(en) Charles Arendt
Baujoer 1872-73
Koordinaten 49° 35’ 56.8’’ N
      06° 07’ 07.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Hollerech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Escher Strooss, der N4, mat der Hollerecher Strooss, der N56, an dem Enn vun der Escher Autobunn, der B4.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se gouf an de Joren 1872-1873, no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt am neogotesche Stil gebaut. 1920 gouf se bannena vum Nicolas Brücher bemoolt. Dës Molereie sinn awer bei där éischter Restauréierung verschwonnen. 1978 gouf d'Kierch eng zweet Kéier restauréiert fir se den Neierunge vun der Liturgiereform unzepassen.

Riets a lénks vun der Entréesdier sti Statue vun den zwéi Patréiner vun der Kierch, dem hellege Péitrus an dem hellege Paulus.

An der Hollerecher Kierch hänke 4 Klacke mam Schlagtoun La Sol Fa an Re och genannt als La (a'), Sol (g'), Fa (f'), an Re (d').

"Series pastorum" vun der Par Hollerech[änneren | Quelltext änneren]

  • .......
  • Nicolaus Corneli, 1664 - 1718
  • Johann Lanckes, 1718 - 1746
  • Johann Bernard Schmit, 1747 - 1791
  • Johann Michaely vu Lischer (bei Arel), 21.06.1791 - 17.10.1808
  • Dominique Schlammes vun Hesper, 20.10.1808 - 1.12.1813
  • Jos Mersch vun Toodler, 1.1.1814 - 23.1.1820
  • Johann Bernard vu Wäiswampech, 1.4.1820 - 1.11.1821
  • Michel Reding vun Nojem, 1.12.1821 - 20.11.1826
  • Gaspar Burg vu Baastenduerf, 31.12.1826 -1.12.1841
  • Johann Thomes vu Gëtzen, 25.12.1841 - 1.12.1869
  • Mathias Molitor vun Uewerdonwen, 29.11.1869 - 10.9.1901
  • Jean Kaiffer vun Altwis, 23.12.1901 bis 23.12.1930
  • Joseph Bernardy vun Ierpeldeng, 12.1.1931 bis 1.9.1948
  • Mathias Turmes vun Esch-Uelzecht, 1.9.1949 - 31.12.1976
  • Jean Heinisch vu Biissen, den Deche vun der Stad Lëtzebuerg war tëscht 1977 an Hierscht 1978 Verwalter vun der Par
  • Marcel Calmes vum Lampertsbierg, 1978 bis 1982
  • Robert Sibenaler vum Lampertsbierg, 1982 bis ?
  • .......
  • Romain Kroeger

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Hollerech.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1000 Jor Por Hollerech 983 - 1983, Impr. J.M. Watgen, 1983, 156 S.
  • Ons Stad N°14, 1983, S. 14, Mutterkirche Hollerich

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien