Kierch Kiemen

Vu Wikipedia
Kierch vu Kiemen
Filialkierch vu Kiemen (2014)

Filialkierch vu Kiemen (2014)
Filialkierch vu Kiemen (2014)
Uertschaft / Plaz Kiemen
Par Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Albinus
Konsekratioun 1906
Architekt(en) Jean-Pierre Knepper
Baujoer 1906
Koordinaten 49° 53’ 59.1’’ N
      06° 02’ 11.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Kiemen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral am Duerf op der Kräizung vun der Scheedelerstrooss, dem CR349, mat der Haaptstrooss, dem CR308.

Zur fréierer Par Buerschent gehéieren ausser der Filialkierch vu Kiemen och nach d'Parkierch vu Buerschent an d'Kapell vu Scheedel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Buerschent, an domat och Kiemen, war am Mëttelalter wärend Joerhonnerte staark mat der Herrschaft vum Buerschter Schlass verbonnen, déi och d'Recht hat, d'Paschtéier z'ernennen.

Et ass sécher datt virun der haiteger Kierch scho mindestens zwou Kapellen zu Kiemen existéiert hunn. An engem Visitatiounsrapport vu 1686 gëtt d'Kapell vu Kiemen ernimmt. Se war a guddem Zoustand an hat schonn den hellegen Albinus als Patréiner. Am Visitatiounsrapport vu 1729 gëtt awer schonn e schlechte Bauzoustand vun der Kapell uginn. Well dee selwechten Zoustand 1750 nach ëmmer beklot gëtt, gouf vun de Kiemener Awunner de Bau vun enger neier Kapell decidéiert. Den 1. Februar 1782 gouf virun engem Nottär e Kontrakt tëscht dem Baumeeschter Josef Juen vun Dikrech an de Vertrieder vun der Par Buerschent ofgeschloss mat den Detailer zum Bau an dem Präis vun der Kapell. Well et an der Kapell keng Klack gouf, mä nëmmen eng gréisser Schell, gouf am Joer 1868 en neien Tuerm ugebaut an deem 1869 eng nei Klack vun 150 kg vun der Firma Gausart vun Tillin (Belsch) opgehaang gouf.

Déi haiteg Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Well déi al Kapell no 120 Joer baufälleg gi war, gouf am Joer 1905 mam Bau vun der haiteger Kierch am gotesche Stil no Pläng vum Architekt Knepper ugefaangen, op der selwechter Plaz op där déi al Kapell stoung, awer 3 m méi wäit vun der Strooss ewech. Entreprener ware Winandy a Roger vu Veianen. Och den Tuerm, deen eréischt 1869 gebaut gi war, gouf ofgerappt an en neie gebaut. De Grondsteen vun der Kierch mat der Joreszuel 1905 gouf de 6. August 1905 vum Paschtouer Aloys Mehlen riets am Agank vum Tuerm geluecht. Fir de Bau goufen d'Steng vun der ofgerappter Kapell matbenotzt, nei Steng koumen aus dem Steebroch Huberty vu Kiemen. D'Kierch gouf de 16. September 1906 vum Dechen Thill vun Dikrech konsekréiert. Deen ale Altor gouf nach bis 1910 benotzt, du gouf en duerch en neien Héichaltor vum Konschtschräiner Theves vun Housen ersat.

1906 goufe vum Kaploun Adolf Schroeder zu Rëmeleng zwou einfach Klacke besuergt, eng fir Kiemen an eng fir d'Kapell zu Scheedel. Am Joer 1940 koumen nach zwee Niewenaltär an d'Kierch.

Wärend der Ardennenoffensiv gouf déi iewescht Hallschent vum Kierchtuerm zerstéiert a gouf nom Krich, liicht verännert, nees opgebaut.

De Chronogramm[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1905 duerstellt:

SANCTE ALBINE RECORDARIS
PII LOCI KEHMEN

D'Kapléin vu Kiemen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1767: H. C. Namür
  • 1782: Johann Fischer
  • 1785 - 1787: Nikolaus Biwer
  • bis 1794: Johann Nikolaus Glaesener
  • 1796: Dominik Zenner
  • 1803: Johann Feyder
  • 1806: Johann Schaeffer vu Kauneref

Vun 1808 bis 1876 war kee Kaploun zu Kiemen

  • 1876 - 1883: Johann Heinen vun Ëlwen
  • 1884: Johann Eduard Baur aus dem Pafendall
  • 1884 - 1890: Michel Molitor aus der Fiels
  • 1890 - 1893: Johann Peter Pelkes aus Reiler
  • 1906 - 1907: Adolf Schroeder vu Péiteng, hie war dee leschte Kaploun zu Kiemen

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rasqué, Fritz: Bourscheid - Geschichte einer alten Pfarrei, 1944, Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 430 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Kiemen – Biller, Videoen oder Audiodateien