Méchelskierch zu Buerschent

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Buerschent)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Buerschent
Uertschaft / Plaz Buerschent
Par Dikrich Le Bon Pasteur
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Konsekratioun 1766
Baujoer 1765
Koordinaten 49° 54’ 35.8’’ N
06° 03’ 54.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Méchelskierch zu Buerschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vum CR308 (Schlasswee, Groussgaass) an dem CR348 (Groussgaass, Um Kräizkapp). Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Buerschent gehéieren ausser der Méchelskierch vu Buerschent och nach d'Filialkierch vu Kiemen an d'Kapell vu Scheedel.

D'Buerschenter Kierch gouf de 4. Mee 1971 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Buerschent war am Mëttelalter während Joerhonnerte staark mat der Herrschaft vum Buerschter Schlass verbonnen, déi och d'Recht hat, d'Paschtéier ze ernennen.

Et ass aus der Geschicht vum Buerschter Schlass bekannt datt schonn am Joer 1247 zu Buerschent eng Parkierch existéiert huet, wahrscheinlech mol net déi éischt.

An engem Visitatiounsrapport vun 1570 gouf d'Par an d'Kierch méi genee beschriwwen. Et war eng Schlasskierch mat dräi Altär, dräi Kellecher an enger Monstranz. De Patréiner war deemools schonn den hellege Méchel, grad wéi haut nach. D'Parhaus war a schlechtem Zoustand.

Déi nächsten Informatiounen iwwer d'Kierch kritt een am Visitatiounsrapport vun 1628. D'Kierch gouf als baufälleg beschriwwen an et war nëmmen nach ee Kellech do. D'Mauere vum Kierfecht waren agefall.

Am nächste Visitatiounsrapport vun 1686 hat sech d'Situatioun vun der Par staark verbessert. Wahrscheinlech gouf an der Zäit tëscht 1628 an 1686 eng nei Kierch gebaut, awer nëmmen aus Leem oder rauem Gestengs. Se war elo awer wesentlech besser equipéiert. Haaptpatréinesch war d'Muttergottes, wahrscheinlech als Resultat vun der nationaler Veréierung vun der Muttergottes, déi duerch d'Jesuiten zu Lëtzebuerg agefouert gouf. Den hellege Méchel ass awer Schutzpatréiner bliwwen. Fir d'éischte Kéier gouf an dësem Rapport awer och eng Schlasskapell ernimmt déi dem hellege Fiakrius geweit war.

1750 war déi leschte Visitatioun an der Par virun der franséischer Revolutioun. D'Kierch an d'Paschtoueschhaus waren nees an engem desolaten Zoustand an och de Kierfecht huet eng nei Mauer gebraucht.

Nodeems am Joer 1752 schonn en neit Paschtoueschhaus gebaut gouf, gouf déi haiteg Parkierch am Joer 1765 vun zwou Damme vun der Herrschaft vum Buerschter Schlass, der Baroness L.J. Schenk von Schmidtburg, gebuere Maria Theresia von Eltz-Rodendorff, an der Joffer Constance Mathelin von Bastnach, baue gelooss. Et ass dofir déi lescht Schlasskierch. Den Haaptpatréiner war elo nees den hellege Méchel. Wéi d'Buerghären am Joer 1789 duerch d'franséisch Revolutioun ofgesat goufen, war d'Kierch bannendran nach net komplett fäerdeg an et huet nach Joerzéngte gedauert bis et souwäit war.

Vun der fréierer Parkierch war eng Klack iwwerholl ginn, déi 1717 vum Peter Ritter nei ëmgegoss gi war an der Muttergottes an dem hellege Méchel geweit war. 1817 koum nach eng zweet, méi grouss Klack dobäi, déi zu Köln kaaft gi war an den 13. Februar 1817 ageweit gouf. De 24. Abrëll 1842 ass um Enn vun der Vesper déi grouss Klack mat dem Klackestull an den Dunnen 50 Fouss erof gefall, ass awer dobäi net beschiedegt ginn. No véier Woche war se nees sécher op hirer Plaz festgemaach.

1855 goufen op Staatskäschte Steeplacken als Buedem vun der Kierch geluecht, nodeems de Paschtouer Eischen eng Demande un d'Regierung geschriwwen hat. Bis dohin hat d'Kierch nëmmen e Leembuedem.

D'Paschtéier vu Buerschent[änneren | Quelltext änneren]

  • ëm 1521: Müllener
  • ëm 1560 - 1570: Kenderich
  • 1570 - ?: Johann von Michelau
  • ëm 1623: Wolfgang Staal
  • 1643 - 1677: Theodor Schmit
  • 1677 - 1702: Kaspar Walraff
  • 1702 - 1752: Michael Majerus
  • 1752 - 1768: Nikolaus Wagner
  • 1768 - 1798: Johann Baptist Kneip
  • 1798 - 1828: Johann Nikolaus Meder
  • 1828 - 1858: Peter Eischen
  • 1859 - 1870: Jakob Holperts
  • 1871 - 1872: Johann Baptist Scheer
  • 1872 - 1893: Theodor Boever
  • 1893 - 1903: Johann Koep
  • 1903 - 1914: Aloys Mehlen
  • 1914 - 1921: Nikolaus Even
  • 1921 - 1937: Bernard Simminger
  • 1937 - ?: Victor Elz
  •  ?

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rasqué, Fritz: Bourscheid - Geschichte einer alten Pfarrei, 1944, Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 430 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch zu Buerschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire (Lescht Versioun vum 20. September 2019).