Kierch Klengbetten

Vu Wikipedia
Kierch vu Klengbetten

Uertschaft / Plaz Klengbetten
Par Äischdall Saint-François
et Sainte-Claire
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Cyriakus
Architekt(en) P. M. Siegen
Koordinaten 49° 38’ 45.8’’ N
      05° 54’ 55.2’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Klengbetten ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Stengefort gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Cyriakus, deem säi Fest den 8. August gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft un der Kräizung vun der rue de Sterpenich mat der rue de la Gare respektiv rue de Hagen, dem CR106 resp. CR110.

Zur fréierer Par Hoen gehéiert ausser der Filialkierch vu Klengbetten och nach d'Parkierch vun Hoen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Klengbetten war bis zum Joer 1774 eng Filial vun der Par Sterpenech. Vun 1841 u gehéiert Klengbetten zur Par Hoen. D'Kierch gouf am Joer 1878 gebaut an huet eng Kapell ersat déi ze kleng ginn ass. 1896 ass se ëmgebaut an am Joer 1904 eng Sakristei ugebaut ginn.

Den Altor[änneren | Quelltext änneren]

An der Kierch steet en neobarocken Haaptaltor.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Klengbetten – Biller, Videoen oder Audiodateien