Kierch Meesebuerg

Vu Wikipedia
Kierch vun Meesebuerg
Filialkierch vu Meesebuerg (2005)

Filialkierch vu Meesebuerg (2005)
Filialkierch vu Meesebuerg (2005)
Uertschaft / Plaz Meesebuerg
Par Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Koordinaten 49° 46’ 3.1’’ N
      6° 11’ 16.2’’ O
Um Meesebuerger Kierfecht

Um Meesebuerger Kierfecht
Um Meesebuerger Kierfecht
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Meesebuerg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fiels gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert.

D'Kierch ass zu Meesebuerg dat südlechst Gebai. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 30. Abrëll 2012 gouf d'Kierch, hire Mobiliar an de Kierfecht op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum 7. Mee. 2017 huet d'Kierch zur Par Meesebuerg gehéiert, déi zum Parverband Miersch, zu der Pastoralregioun Zentrum an zum Dekanat Miersch gehéiert huet.

Zur fréierer Par Meesebuerg huet ausser der Parkierch vu Meesebuerg och nach d'Filialkierch vun Angelsbierg gehéiert.

D'Kierch gouf ëm 1840 am neoklassesche Stil gebaut. Beim Schlass Meesebuerg huet zu där Zäit en Duerf vun ongeféier 40 Aarbechterhaiser bestan.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Meesebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien