Op den Inhalt sprangen

Kierch Reiland

Vu Wikipedia
Kierch vu Reiland
Filialkierch vu Reiland (2013)

Filialkierch vu Reiland (2013)
Filialkierch vu Reiland (2013)
Uertschaft / PlazReiland
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Jakobus
Desakraliséiert 5. Mee 2022
Koordinaten 49° 45’ 08.4’’ N
      06° 15’ 42.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Reiland war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Hiefenech gehéiert huet; se gouf de 5. Mee 2022 entweit an ass elo en Deel vun enger Maison relais.[1]

De Patréiner war den hellege Jakobus, deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt.

D'Gebai steet an der Strooss Bei der Kiirch, net wäit vun der Haaptstrooss, der N14 ewech.

Zur fréierer Par Hiefenech huet ausser der Kierch vu Reiland och nach d'Parkierch vun Hiefenech gehéiert.

Bei der Kierch vu Reiland ginn all Joer um 1. Mee d'Päerd an d'Autoe geseent.

Bannenariichtung

[änneren | Quelltext änneren]

Déi neogotesch Altär, déi fréier an dëser Kierch stoungen, sinn an de 1970er Jore wéinst hirem schlechten Zoustand mat enger moderner Ariichtung aus Marber, Eisen, rouden Email an Holz ersat ginn. Vun deem ale Kierchemobiliar sinn nëmmen déi hëlze Statue vum hellege Jakobus, dem hellege Cyriakus an der Immaculata erhale bliwwen.

Am Joer 2003 ass d'Kierch renovéiert ginn an dobäi ass déi net sou gelongen Ariichtung aus de 1970er Joren mat enger zäitloser Ariichtung aus Glas a Messeng ersat ginn. An dem neien Altor sinn d'Reliquien vun den hl. Märtyrer vun Tréier.

 Commons: Kierch Reiland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Marc Linden, D'Reilander Kiermes, e kathouleschen "Dinner for one", Zur Gedenkfeier un eng Kirchewei fir e Gebai, deem viru [sic] de Weiestatus entzu gouf, Luxemburger Wort, Briefe an die Redaktion, 10./11. September 2022, S.15