Kierch Saint-Martin an der Zitadell Montmédy

Vu Wikipedia
Montmédy, d'Kierch Saint Martin (1790)

D'Kierch Saint-Martin steet bannen de Mauere vun der Zitadell Montmédy an hir zwéin Tierm si vu wäitem ze gesinn.

D'Fassad[änneren | Quelltext änneren]

An déi viischt Säit si sechs Pilasteren agelooss, véier dovu sinn Zwillingspilasteren op all Säit vum Haaptportal. Iwwer jiddwer vun den dräi Paarten ass eng Kartusch.
Iwwer dem Haaptportal ass en Okulus fir schéin ze maachen an iwwer den zwee aneren eng ronn Fënster agelooss.

Iwwer all Paart gouf beim Bau 1790 de Wope vum Albert de Meuldre agemeesselt, dem deemolegen Abt vum Klouschter Orval.

D'Tierm[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch huet zwéin identesch Tierm mat enger Héicht vu 25 Meter mat jee enger Kuppel mat duebele Béi déi um Ufank d'Kräizer gedroen hunn, op deenen eise Liljë fixéiert waren.

D'Kiercheschëff[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptschëff huet 7 Felder mat Kanteverwëllefer déi méi laang wéi breet sinn, mat Ënnerzich a Bouform. D'Verwëllef steet all Säit op véier véiereckege Sailen, mat mouléierte Widderlageren. An der Verlängerung ass e fënnefeckege Chouer mat flaache Béi, dee mat engem Gitter vum Schëff getrennt ass. D'Säitendeeler hunn héich Entréeë mat volle Béi, an an der Verlängerung sinn zwou Kapellen.

De Chouer[änneren | Quelltext änneren]

De Rokoko-Altor aus dem Joer 1779 ass aus Marmer. En ass mat engem Baldachin iwwerdaacht, dee vu sechs hëlze Sailen an engem Architrav gestäipt gëtt.

Des Weidere stinn am Chouer zwou Reie Ställercher mat Féiss am Louis XV.-Stil. E puer dovu si mat Engelcher dekoréiert. D'Boiserie ëm de Chouer huet eng Héicht vun 3,75 Meter an ass mat Medaillonen garnéiert; lénks de Jesus, den hellege Péiter an den hellege Pol; op der rietser Säit d'Muttergottes, den hellege Jang an den hellege Jousef.

D'Holzskulpture si vum Philippe Bandeville, deen och an der Basilika Notre-Dame vun Avioth geschafft huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Saint-Martin an der Zitadell Montmédy – Biller, Videoen oder Audiodateien