Kierch Selschent
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Selschent (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Selschent | |||
Par | Wooltz Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Amandus | |||
Koordinaten | 50° 1’ 2.5’’ N 5° 56’ 50.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Selschent ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Amandus, deem säi Fest de 6. Februar gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vum Kierchewee mat der Duerfstrooss, dem CR330. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Op der Ostsäit steet eng grouss Jesus-Statu virun der Kierch mat enger Gedenktafel vir Affer vum Zweete Weltkrich.
Zur fréierer Par Knapphouschent gehéiert ausser der Filialkierch vu Selschent och nach d'Parkierch vu Knapphouschent.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch gouf ënner dem Paschtouer Emile Schäeffers an den 1960er Jore restauréiert. Beim Agank ass ee ganz alen Dafsteen an der Mauer ze gesinn. Zu Selschent lauden zwou Klacke vun der Firma Bour & Guenser aus dem Joer 1904.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Knapphouschent, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Knapphouschent huet ausser der Kierch vu Selschent och nach d'Parkierch vu Knapphouschent gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Selschent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
- D'Fënstere vun der Kierch vu Selschent op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch Selschent an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
-
D'Kierch vun Oste gesinn
-
D'Kierch vu Süde gesinn
-
Jesus Statu virun der Kierch
-
Banneraum vun der Selschter Kierch