Kräizkapell Iechternach

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kräizkapell Iechternach
Uertschaft / Plaz Iechternach
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Konsekratioun 1560
Proprietär Kierchefong[1]
Koordinaten 49° 48’ 30.0’’ N
06° 25’ 59.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kräizkapell zu Iechternach ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Iechternach gehéiert.

Se steet am ëstlechen Deel vun Iechternach an der rue Sainte Croix, enger Säitestrooss vun der N11A.

De 27. Mee 1963 gouf d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2]

Zur fréierer Par Iechternach gehéieren ausser der Kräizkapell vun Iechternach och nach d'Basilika vun Iechternach, d'Péitrus a Pauluskierch vun Iechternach an d'Muttergotteskapell vun Iechternach.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kräizkapell gouf 1524 vum Wilhelm vu Lelleg, dee Probst vu Bitbuerg, Iechternach an Dudeldorf war, a senger Fra, dem Katharina vu Wampach, gestëft.[3] D'Kapell louch deemools an der Noperschaft vum Sichenhaus, wou Leit mat ustiechene Kränkte baussent de Stadmaueren hiverfracht goufen. D'Kapell gouf 1560 konsekréiert a gouf dem Hellege Kräiz an der Helleger Muedeléin geweit. Um Enn vum 17. Joerhonnert huet de Jean Theodor Mohr de Waldt se restauréiere gelooss, an eng Reliquie vum Hellege Kräiz do hannerlooss. 1733 gouf nieft der Kapell eng Klaus gebaut, an där bis 1783 noenee verschidde Klausener gewunnt hunn.

1798 gouf d'Kapell versteet, a koum, no verschiddene Proprietairen, 1811 nees an de Besëtz vum Deche vun Iechternach. Dësen huet d'Gebai an d'Rei brénge gelooss, a Grafplacke vun der Famill Mohr de Waldt goufen aus dem fréiere Klarisseklouschter dohi bruecht. 1853 gouf se grëndlech restauréiert a vergréissert, 1863 goufen d'Schëff an den Tuerm nei opgebaut. No de Schied, déi s'an der Ardennenoffensiv erlidden hat, gouf d'Kapell 1950-52 nees an d'Rei gesat. 1988 gouf de Mobiliar restauréiert.

Den Altor vun der Kräizkapell kënnt aus der Péitrus a Pauluskierch vun Iechternach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard-Jacques Thiel: "La chapelle Sainte-Croix chez Echternach et son ermitage". In: Hémecht 1949/1, 37-56.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kräizkapell Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 22. Januar 2020).
  3. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.350-351.