Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kuelestoff kënnt an der Natur souwuel a renger Form (Diamant, Graphit) wéi och a cheemesch gebonnener (z. B. Form vu Karbonaten, Kuelenstoffdioxid, Äerdueleg, Äerdgas a Kuele) vir. Duerch seng besonnesch Elektronekonfiguratioun (hallefgefëllt L-Schuel) huet de Kuelestoff d'Fäegkeet fir komplex Moleküllen ze bilden an huet vun alle cheemeschen Elementer déi gréisst Diversitéit vu cheemesche Verbindungen. Kuelestoffverbindunge sinn déi molekular Grondlag vun allem ierdesche Liewen. Se ginn traditionell bis op e puer Ausnamen zur organescher Chimie gerechent; déi gëtt och alt als Chimie vum Kuelestoff bezeechent.
Seng relativ Atommass ass 12,0107. De Schmëlzpunkt läit bei 3.550 Grad Celsius an de Kachpunkt bei 4.827 Grad.