Op den Inhalt sprangen

Lausduer

Vu Wikipedia
Lausduer
om Lausduarre(n)
Um Lausduer, a Richtung Norden
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lausdorn
de: Lausdorn
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Wäiswampech
Buergermeeschter Georges Keipes
vakant[1]
Awunner 18 (Klierf)[2],
4 (Wäiswampech)[3]
  1. Januar 2022
Héicht 503 m
Koordinaten 50° 07’ 07.00’’ N
      06° 04’ 59.45’’ O
Postcode 9968

De Lausduer [lokal: om Lausduarre(n)[4]] ass e Lieu-dit op der Nordstrooss, tëscht Hengescht a Wäiswampech.

Den nërdlechen Deel läit an der Gemeng Wäiswampech, iwwerdeems de südlechen Deel zanter Enn 2011 zur Gemeng Klierf gehéiert. Virdrun huet en zur Gemeng Hengescht gehéiert ier déi – zesumme mat Munzen – bei d'Gemeng Klierf geprafft gouf.

De Lausduer läit westlech vun der N7, op enger Héicht vu ronn 503 Meter a besteet aus ronn enger hallwer Dosen Haiser, déi op dem alen Deel vun der Nordstrooss leien, déi an den 1970er Joren nei nivelléiert a riichtgezu gouf.

Dat eenzegt Haus an der Gemeng Wäiswampech huet d'Adress 3 Lausduarre; d'Haiser aus der Gemeng Klierf si just nummeréiert (1, 2, 4 a 6). Den eenheetleche Postcode ass den 9968.

Den Numm Lausduer krut am Abrëll 2018 e bësse méi Bekanntheet nodeems et bei enger Poursuite zu engem Autosaccident koum an dobäi ee Polizist leie bliwwen ass a véier anerer blesséiert goufen[5].

Commons: Lausduer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de)Weiswampacher Bürgermeister Claude Daman tritt zurück. Luxemburger Wort (09.09.2024). Gekuckt de(n) 2024-09-09.
  2. Statistiques sur la population. www.clervaux.lu (01.07.2021). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
  3. Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.2020). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
  4. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  5. Polizist stirbt bei Verfolgungsjagd: Fluchtfahrer wegen fahrlässiger Tötung angeklagt. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2018-04-14). Gekuckt de(n) 2021-07-04.