Op den Inhalt sprangen

Lieutenant-Représentant

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lieutenance)
Lieutenance ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner Lieutenance (Homonymie)

De Lieutenant-Représentant, offiziell Lieutenant-Représentant du Grand-Duc[1], ass e Begrëff aus der konstitutioneller Monarchie vu Lëtzebuerg.

D'Lieutenance ((de) Statthalterschaft) bedeit, datt déi offiziell Aufgabe vum Grand-Duc temporär oder dauerhaft vun engem Vertrieder iwwerholl ginn. Et ass dacks eng Etapp ier de Groussherzog ofdankt.

Op Basis vun der Lëtzebuerger Constitutioun kann de Grand-Duc sech an der Reiefolleg vum Éischtgebuerene Kand (deemno vum Ierfgroussherzog oder der Ierfgroussherzogin) an deene Beräicher déi hie fir néideg hält, vertriede loossen. De Vertrieder kritt dann den Titel vum Lieutenant-Représentant an iwwerhëlt seng Funktiounen, nodeem hien an der Chamber den Eed op Verfassung an d'Gesetzer geschwuer huet.

Originaltext aus der Lëtzebuerger Constitutioun[änneren | Quelltext änneren]

Artikel 58 « Le Grand-Duc peut se faire représenter par une personne qui remplit les conditions de l’article 56, paragraphe 1er, et qui porte le titre de Lieutenant-Représentant du Grand-Duc. Le Lieutenant-Représentant du Grand-Duc n’entre en fonction qu’après avoir prêté devant la Chambre des Députés le serment suivant : Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir fidèlement mes attributions constitutionnelles. »[1]

Artikel 56 « (1) La fonction de Chef de l’État est héréditaire dans la descendance directe de Son Altesse Royale Adolphe, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau, par ordre de primogéniture et par représentation. Seuls les enfants nés d’un mariage ont le droit de succéder. »

Lieutenancen an der Geschicht vum Groussherzogtum Lëtzebuerg[2][änneren | Quelltext änneren]

Ernennung de(n) Vereedegung de(n) bis Lieutenant-Représentant fir
5. Februar 1850 24. Oktober 1850 13. Januar 1879 Prënz Hendrik vun Holland säi Brudder, Kinnek Groussherzog Wëllem III.
4. Abrëll 1902 14. Abrëll 1902 17. November 1905 Prënz Wëllem vun Nassau säi Papp, Grand-Duc Adolphe
19. Mäerz 1908 2. Abrëll 1908 13. November 1908 Grande-duchesse consort Maria Anna hire Mann, Groussherzog Wëllem IV.
28. Abrëll 1961 4. Mee 1961 12. November 1964 Ierfgroussherzog Jean seng Mamm, Groussherzogin Charlotte
3. Mäerz 1998 4. Mäerz 1998 7. Oktober 2000 Ierfgroussherzog Henri säi Papp, Groussherzog Jean
ugekënnegt fir Oktober 2024[3] Ierfgroussherzog Guillaume säi Papp, Groussherzog Henri

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)Lëtzebuerger Constitutioun – Art. 58. legilux.public.lu/ (01.07.2023). Gekuckt de(n) 24.06.2024.
  2. (fr)La Monarchie constitutionnelle | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-24.
  3. (fr)Annonce de la Lieutenance de Son Altesse Royale le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2024-06-24.