Lipperhey (Exoplanéit)

Vu Wikipedia

De Lipperhey (Flamsteed-Bezeechnung 55 Cancri d) ass en Exoplanéit, deen d'Komponent Copernicus A vum Duebelstäresystem Copernicus ëmkreest. Wéinst senger héijer Mass gëtt ugeholl, datt et sech ëm e Gasplanéiten handelt. Hien ass de fënnefte a baussenzegte vun de bekannte Planéiten aus sengem System.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Entdeckt gouf den Exoplanéit mat der Radialvitessmethod. De Lipperhey gouf zesumme mam Planéit Brahe vum Geoffrey Marcy an R. Paul Butler als zweeten an drëtte Planéit vum System am Joer 2002 entdeckt. Zu deem Zäitpunkt gouf de Copernicus schonn zanter 12 Joer observéiert.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den direkte Verglach mat eisem Sonnesystem weist déi bal identesch Bunne vu Jupiter a Lipperhey

De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vun zirka 5,77 A. E.. Well ufanks vun engem System mat dräi, spéider véier masseräich Planéite geschwat gouf, hat sech eng héichgradeg exzentresch Bunn fir de Lipperhey erginn. Um Modell mat fënnef Planéiten, wéi et am Ament ugeholl gëtt, ass d'Exzentrizitéit mat 0,025 éischter kleng a seng Bunn bal kreesfërmeg. D'Ëmlafzäit gëtt mat 5218 Äerddeeg (méi wéi 14 Joer) gerechent. Säin Orbit ass bal d'selwecht wéi dee vum Jupiter.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Lipperhey huet eng Mass vun op d'mannst 1219 Äerdmasse respektiv 3,835 Jupitermassen. Miessunge mam Hubble-Weltraumteleskop loossen eng Ëmlafbunnschréi vun 53° unhuelen, deemno géif d'Mass op 4,8 Jupitermassen uklammen. De Radius vum Lipperhey ass warscheinlech eppes manner grouss wéi dee vum Jupiter.

Verléisslech Daten fir d'Zesummesetzung, Gréisst an Temperatur gëtt et net, entspriechend Spekulatioune berouen op Modellrechnungen. De Lipperhey ass mat grousser Warscheinlechkeet e Gasplanéit, deen haaptsächlech aus flüchtegen Elementer wéi Waasserstoff an Helium bestoen dierft. Wéinst der grousser Mass kéint déi aus bannenzege Prozesser wéi Gaskontraktioun, Hëtzt entstoen, déi de Planéit opwiermen, datt hie mat wäisse Wolleken aus Waasser bedeckt ass.[1]

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Wéi all Exoplanéite gouf de Lipperhey am Ufank mam offiziellen Numm vum Stär an engem klenge Buschtaf, entspriechend der Reiefolleg vun der Entdeckung, bezeechent. No engem ëffentlech ausgeschriwwenem Concours vun der I. A. U. krut hien de 15. Dezember 2015 den Numm vum hollännesche Brëllemaacher Hans Lippershey, dem Erfinder vum Teleskop.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. David Sudarsky, Adam Burrows, Ivan Hubeny: Theoretical Spectra and Atmospheres of Extrasolar Giant Planets. (2003) The Astrophysical Journal, 588: 1121-1148.
  • Debra A. Fischer et al.: Five Planets Orbiting 55 Cancri. (2008) The Astrophysical Journal, 675: 790-801.
  • Geoffrey Marcy et al.: A Planet at 5 AU around 55 Cancri. (2002) The Astrophysical Journal, 581: 1375-1388.