Lucien Richard
Lucien Richard | |
---|---|
Gebuer |
11. Februar 1820 Klierf |
Gestuerwen |
17. Dezember 1900 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Riichter |
De Jean Baptiste Lucien Richard, gebuer 1820[1] a gestuerwen de 17. Dezember 1900[2] war e lëtzebuergeschen Affekot, Magistrat, Verwaltungsdirekter a Politiker.
Éier hien 1848 eng Nominatioun[3] als Substitut um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg krut war hien Affekot zu Dikrech.
1850 krut hien eng Nominatioun[4] als Friddensrrichter vum Kanton Lëtzebuerg.
1860 krut hien eng Nominatioun als President vum Bezierksgeriicht vun Dikrech.
1867 krut hien eng Nominatioun[5] als Direkter vun der Administration des contributions directes et des accises.
1848 war hie Member vun der Assemblée constituante a vun 1848 bis 1856 Deputéierten an der Chamber[6].
Hie war vum 15. Mäerz 1871 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[7]
Hie war mat der Marie Caroline Heuardt betuet an hat dräi Kanner.[1]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Säit op industrie.lu mam Grafstee vun der Famill Richard
- ↑ Annonce vum Doud vum Lucien Rischard am Luxemburger Wort vum 18. Dezember 1900 op eluxemburgensia.lu Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 03.02.3013.
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 24 juillet 1948 contenant nomination de membres de l'ordre judiciaire. Mémorial Nummer 58 vun 1848, S. 469-471
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 4 octobre 1850, par lequel le sieur Lucien RICHARD est nommé juge de paix du canton de Luxembourg. Mémorial Nummer 95 vun 1850, S. 941-942.
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 10 avril 1867. Mémorial N° 24 - Zweeten Deel vum 4. Mee 1867 S. 198
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot