Léon Blasen
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Léon Blasen | |
---|---|
Gebuer | 29. Mee 1915 |
Gestuerwen | 15. Januar 2000 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Auteur |
De Léon Blasen, gebuer den 29. Mee 1915 zu Schieren, a gestuerwen de 15. Januar 2000 zu Ettelbréck, war Haaptinspekter am Staatsministère, an nieweberufflech Kultur-, Musek- a Literaturchronist. Hien ass dacks als Conferencier am Radio oder bei Soiréeën opgetratt.
A senge lëtzebuergeschen Emissiounen op Radio RTL (meeschtens um Sonndeg: Um Staminet, ënner anerem mam Pir Kremer) hat hie vill Nolauschterer.
Duerch seng Interpretatiounen a Kommentare vun an iwwer d'Wierker vum Auguste Liesch ass hien am ganze Land bekannt ginn.
Am Nationale Literaturzentrum (CNL) besteet e Fonds Léon Blasen.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausgi vun der Lëtzebuerger Stadmusek
- Blasen, Léon: "Spassig Saachen aus der Letzebuerger Literatur" mam Léon Blasen (Optrëtt 1990 um Iechternacher Festival)
- Blasen, Léon: Artikelen an der Dages- a Wochepress iwwer Konscht, Literatur a Musek