Op den Inhalt sprangen

Mëttelalterlech Schmelz am Jeneeserbësch

Vu Wikipedia
Mëttelalterlech Schmelz am Jeneeserbësch
Typ archeologesch Plaz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Réiser
Koordinaten 49°29'37,21"N, 6°8'8,56"O
Epoch 13. Joerhonnert (julianesch)
Statut Ausgruewung

Jeneeserbësch oder Grouss Jeneeserbëscher (beim Kadaster: Jenéserbëscher; fréier Schreifform: Genoeserbusch) ass e Flouernumm am Süde vun der Gemeng Réiser, op der franséischer Grenz.

Do goufen am Joer 2000 archeologesch Reschter vun enger Schmelz aus dem 13./14. Joerhonnert entdeckt, déi an den 2000er Joren ausgegruewen an ausgewäert goufen. Et ass déi gréisst bis ewell entdeckt Plaz vun Eiseproduktioun aus dem Mëttelalter a Mëtteleuropa.

D'Areal vu ronn 2000 bestoung aus am Ganze 6 Iewen, 2 Aushëtziewen, 3 Kéip wou d'Boun- an d'Wisenäerz stockéiert gouf, a 4 Tippe fir d'Schlaken (eng 21 Tonnen). Ausserdeem gouf Schaffgeschier, wéi och Aulegeschier wéi Kréi, Dëppen, Schosselen a Bechere fonnt.[1][2]

Michael Overbeck: Genoeserbusch: Zu den Wurzeln der Einsenindustrie in Luxemburg. Herausgegeben für das Musée rural et des calèches Peppange, 2008.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Overbeck, S.38-39.
  2. (de)Fundstätte. Revue. viewer.eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 23.12.2024.