Magdalena Ridge Observatoire
|
D'Gebai vum 2,4m Teleskop | |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| MPC-Code | H01 |
| Opgaangen | 1999 |
| Websäit | http://www.mro.nmt.edu/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Koordinaten | 33°58'36,1"N, 107°11'6,0"W |
| Héicht | 3.230 m |
|
| |
De Magdalena Ridge Observatoire (engl. Magdalena Ridge Observatory (MRO)), ass en Observatoire am Socorro County am US-Bundesstaat New Mexico. E läit ongeféier 32 Kilometer westlech vun der Stad Socorro an de Magdalena-Bierger, no bei der Biergspëtzt South Baldy op enger Héicht vun 3.180 m.
Den Observatoire huet en 2,4 Meter Spigelteleskop, mat engem Haaptspigel dee baugläich mat dem Hubble-Weltraumteleskop ass. Säin Éischt Liicht war 2006 an zanter 2008 ass en am reguläre Betrib. Ee zeechent sech duerch eng héich Beweeglechkeet vun 10° pro Sekonn aus, a gëtt haaptsächlech vun der NASA fir d'Observatioun vun äerdnoen Objete benotzt. E war um 2007 WD5 Tracking bedeelegt.

| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Weider logéiert den Observatoire de Magdalena Ridge Observatory Interferometer deen am Bau ass. Et ass en opteschen Interferometer, vun zéng Spigelteleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,4 Meter an enger maximaler Basislängt vun 340 Meter. Éischt Diffractiounsmustere ginn 2015 erwaart.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Magdalena Ridge Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Description of the interferometer from University of Cambridge Websäit
