Maison Bel-Air
Ausgesinn
Koordinaten | 49°36'4,75"N, 6°7'31,33"O |
---|---|
D'Maison Bel-Air ass e Wunnhaus an der avenue Gaston Diderich um Belair an der Stad Lëtzebuerg.
Historesches
[änneren | Quelltext änneren]Den Architekt Mathias Martin huet d'Haus 1923 fir sech gebaut.
Gebai
[änneren | Quelltext änneren]Sou wéi de Mathias Martin dat gemenkerhand gemaach huet, huet hien och sengem Haus säi perséinleche Stempel opgedréckt, ënner anerem mat Statuen op der Fassad vum zweete Stack. Am Virgäertche stinn och zwou Statuen: de Merkur op der rietser Säit stellt d'Industrie an den Handel duer iwwerdeems d'Venus op der aner Säit d'Schéinheet duerstellt[1].
Ënnen nieft der Trap ass eng Tak mam Gnodebild vu Kevelaer mat der Lëtzebuerger Tréischterin am Leed.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 139.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Maison Bel-Air – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Robert L. Philippart, Bauzeichen verraten Baumeister DCK 3/2015, S. 11-16