Mathias Martin (Architekt)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Mathias Martin, gebuer de 27. November 1882 zu Welschent, a gestuerwen den 8. November 1943 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Architekt an Auteur.

De Mathias Martin huet no der Primärschoul eng Léier als Steemetzer an Zammermann gemaach; seng Secondairesstudien huet hien an der Handwierkerschoul ofgeschloss.

1901 war hien Zeechner an engem lëtzebuergeschen Architektebüro ier hien duerno fir dräi Joer zu Metz an enger Baufirma geschafft huet fir déi hien am haitegen Amnéville (deemools Stahlheim) de Bau vu Wunnhaiser iwwerwaacht huet. Zur selwechter Zäit war hien och an der Kënschtlerkolonie zu Darmstadt a Course beim Joseph Maria Olbrich ageschriwwen.

1906 huet de Mathias Martin den Architekteconcours fir den Neesopbau vun de Gebaier vun der Händschefabréck an der Giewerei Reinhard am Gronn gewonnen.

Als Autodidakt krut hien 1931 den Titel Architekt-Entreprener, nodeems hien eng Zäit an England an och an Holland geschafft hat.

Als Auteur huet de Mathias Martin eng Rei vun Erzielungen op däitsch geschriwwen, dëst mam Zil vun enger patriotescher Erzéiung. Hien hat och eng Serie vun 8 Bicher mat historeschen Erzielungen ugefaangen. D'Bicher mam Titel „Von 10.000 jähriger Heimaterde“ goufen awer net all verëffentlecht[2]

Wierker an der Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Garer Quartier[änneren | Quelltext änneren]

Uewerstad[änneren | Quelltext änneren]

Belair[änneren | Quelltext änneren]

  • 1923: „Maison Bel-Air“, avenue Gaston Diderich
  • Haiser 38 a 40, rue Albert 1er

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Burgenbuch I. Vom Bau der ersten Burgen im Land. Die Kaiserlichen vor Burscheid (1025), 1937
  • Luxemburger Burgenbuch II. 1413. Die Ritterrevolution und die erste grosse Burgenzerstörung im Land, 1938

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mathias Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Informatioun zum Doud vum Mathias Martin am Escher Tageblatt vum 12. November 1943 op der Säit 6
  2. Josiane Kartheiser „Zwei Jahrhunderte Lesespaß für kleine Leute“ an Ons Stad Nr. 73/2003, Säit 20 (PDF)