Marie-Paule Molitor-Peffer

Vu Wikipedia
Marie-Paule Molitor-Peffer
Gebuer 7. Oktober 1929
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. September 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter
Famill
Bestuet mat Georges Molitor

D'Marie-Paule Molitor-Peffer, gebuer de 7. Oktober 1929 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 9. September 1999 bei Loriol, war eng lëtzebuergesch Fraendoktesch.

D'Marie-Paule Molitor-Peffer war bekannt fir hiert Engagement a Punkto sexueller Opklärung a Partnerschaftsberodung. Als laangjäreg Presidentin (bis Ufank vun den 1990er Joren) vum Planning familial huet si sech an der Press an op Radio Lëtzebuerg fir hiert Uleies agesat.

Si huet sech och géint de sexuellen Abus vu Kanner engagéiert, och duerch hir Elteren[1], a war Expertin fir sou Fäll viru Geriicht. Ausserdeem huet se Policeagente forméiert, wéi se Frae befroe sollten, déi eng Vergewaltegung erlidden haten[2].

D'Marie-Paule Molitor-Peffer ass den 9. September 1999 an engem Autosaccident, zesumme mat hirem Mann, dem Georges Molitor, leie bliwwen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Gemengen hunn eng Plaz oder eng Strooss no der Marie-Paule Molitor-Peffer genannt:

  • D'Gemeng Suessem huet 2009 eng vun den neie Stroossen op Belval-Nord no hir genannt.
  • D'Gemeng Déifferdeng huet ëm 2012 eng vun den neie Stroossen am Quartier Arboria no hir genannt.
  • D'Gemeng Mamer huet 2013 eng Strooss (Klunscheknupp) no hir ëmbenannt.
  • Och zu Bartreng an zu Stroossen gëtt et eng Rue Rue Dr Marie-Paule Molitor-Peffer.
  • D'Stad Lëtzebuerg huet am Joer 2023 op der Izeger Knupp – an engem neien Deel vu Bouneweg – eng vu sechs Stroossen déi den Numm vun enger Fra kruten, no hir genannt[4].

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Sexualität ist mehr. (1982)
  • Liebe Macht Mut. (1988)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Josiane Kartheiser: Ärztin ohne Furcht und Tadel - Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer und ihr Lebenswerk. Editions Phi, 2023.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Virun 10 Joer ass d'Marie-Paule Molitor-Peffer verongléckt". rtl.lu, 09.09.2009, 10:06 - Fir d'lescht aktualiséiert: 09.09.2009, 14:01.
  2. „'Die Menschen auf dem Weg ins Glück begleiten'“ tageblatt.lu 09/09/2009 08:54:00
  3. Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn Gearchiveerd op 2020-01-21. Gekuckt de(n) 2013-01-01.
  4. (fr)Bottemer, Benjamin, City Octobre 2023. City 2023. vdl.lu (27.09.2023). Gekuckt de(n) 28.09.2023.