Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen

Vu Wikipedia
Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen
Gebuer 28. August 1938
Téiteng
Gestuerwen 7. September 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei CSV

D'Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, gebuer den 28. August 1938 zu Téiteng a gestuerwen de 7. September 2023[1], war eng lëtzebuergesch CSV-Politikerin a Léierin.

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen war vum dem 13. Juli 2004 bis Enn 2008 als Deputéiert aus dem Walbezierk Zentrum an der Chamber. D'Fabienne Gaul ass fir si nogeréckelt.

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Si war vum 1. Januar 1988 un am Gemengerot vun der Gemeng Hesper a war do vum 1. Januar 1997 bis den 8. Dezember 1999 Schäffen, ier si den 9. Dezember 1999 Buergermeeschtesch vun där Gemeng gouf.

Am Laf vun der Hesper Gemengerotssëtzung vum 5. Dezember 2008 huet d'Madamm Gantenbein bekanntginn, datt si sech aus der aktiver Politik zeréckzéie géif. Hiren Nofollger op der Plaz vum Hesper Buergermeeschter gouf am Januar 2009 de fréiere Schäffe Marc Lies.

Si war Mamm vun dräi Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Fréier Hesper-Buergermeeschtesch an CSV-Deputéiert Gantenbein gestuerwen." rtl.lu, 07.09.2023.