Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen

Vu Wikipedia
Versioun vum 01:36, 8. Jan. 2020 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎Landespolitik: k, replaced: Nofolger → Nofollger using AWB).

D'Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, gebuer den 28. August 1938 zu Téiteng, ass eng lëtzebuergesch CSV-Politikerin a pensionéiert Léierin.

Gemengepolitik

Si war vum 1. Januar 1988 un am Gemengerot vun der Gemeng Hesper a war vum 1. Januar 1997 bis den 8. Dezember 1999 Schäffen an der Gemeng Hesper, ier si den 9. Dezember 1999 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Hesper gouf.

Landespolitik

Si war zanter dem 13. Juli 2004 als Deputéiert aus dem Walbezierk Zentrum an der Chamber

Am Laf vun der Hesper Gemengerotssëtzung vum 5.Dezember 2008 huet d'Madame Gantenbein bekanntginn, datt si sech no 21 Joer Gemengepolitik, dovun der 9 als Buergermeeschtesch aus der aktiver Politik zréckzitt. An der Chamber réckelt d'Fabienne Gaul (CSV) no.
Hiren Nofollger op der Plaz vum Hesper Buergermeeschter gouf am Januar 2009 de fréiere Schäffe Marc Lies.

Um Spaweck