Marie Speyer

Vu Wikipedia
Marie Speyer
Gebuer 13. Juli 1880
Veianen
Gestuerwen 18. Juni 1914
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant

D'Marie Speyer, gebuer den 13. Juli 1880 zu Veianen a gestuerwen den 18. Juni 1914 an der Stad Lëtzebuerg[1], war eng lëtzebuergesch Germanistin, Léierin an Directrice-adjointe vum Stater Meedercherslycée.

Nodeems si zu Lëtzebuerg den Exame fir Léierin gemaach hat, goung si 1905 op d'Universitéit Fribourg an d'Schwäiz Germanistik a Romanistik studéieren. No engem Semester tëschenduerch zu Prag huet si mat enger Doktoratsthees iwwer de Friedrich Wilhelm Weber 1909 summa cum laude hire Studium zu Fribourg ofgeschloss. Si war déi éischt Fra, déi op där Uni en Doktorat gemaach huet[1]. Direkt dono gouf si do zur Direktesch vum neie Kantonallycée fir Meedercher ernannt. 1911 koum si hannescht op Lëtzebuerg, wou si Directrice-adjointe vum neie Stater Meedercherslycée gouf.[2]

Si ass mat just 33 Joer u Kriibs gestuerwen. D'Luxemburger Wort huet den Dag vun hirem Doud a sengem Noruff geschriwwen: „Eine der intelligentesten Damen unseres Landes ist heute morgen um 6 Uhr gestorben, Frl. Dr. Marie Speyer, die Unterdirektorin des hiesigen staatlichen Mädchenlyceums.”[3]

2014 huet d'Lëtzebuerger Post si mat engem Timber geéiert.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich Wilhelm Weber und seine Beziehung zum deutschen Altertum, Fribourg 1909 (Doktoratsthees)
  • Erinnerungsblätter, ausgewählte Vorträge und Aufsätze, 1930.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Fiche am Historisches Lexikon der Schweiz.
  2. Anne Beffort et Marie Speyer." in: ons stad 92 (2009), S.52-53.
  3. Fräulein Dr. Marie Speyer †. Luxemburger Wort 1914-06-18, Nr. 169, S. 3. [1]