Lycée Robert-Schuman

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stater Meedercherslycée)
Lycée Robert-Schuman
Haaptgebai vum Lycée am September 2022
(LRSL)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Adress 1 Boulevard Emmanuel Servais L-2535 Luxembourg
Leedung Michèle Remakel
Schülerzuel 810
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 1911
Architekt Nicolas Petit, Laurent Schmit, Françoise Folmer
Genannt no Robert Schuman
Um Spaweck http://www.lrsl.lu/
Eelst Gebai vum Lycée Robert-Schuman

De Lycée Robert-Schuman, gekierzt LRSL, de fréiere (Stater) Meedercherslycée, ass eng ëffentlech Secondairesschoul um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. Se ass nom Politiker Robert Schuman genannt.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

1909 gouf de Lycée de jeunes filles à Luxembourg vun der Association pour la création d'un lycée de jeunes filles à Luxembourg, enger privater Vereenegung, déi vun der Aline Mayrisch-de Saint-Hubert an d'Liewe geruff gouf, gegrënnt.

Duerch d'Gesetz vum 17. Juni 1911 gouf déi gesetzlech Basis geschaf, fir en ëffentlechen Enseignement moyen fir Meedercher an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht mat Hëllef vun deene respektive Gemengen anzeféieren[1].

Den 22. Juli 1911, huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg decidéiert fir der Regierung provisoresch dofir Schoulsäll mam noutwennege Mobilier zur Verfügung ze stellen[2]. Dës Säll waren am Gebai vun der Henri-VII-Primärschoul bei der deemoleger Industrieschoul um Lampertsbierg.

En Arrêté ministériel vum 26. Juli 1911 huet festgeluecht, fir d'Diere vum Lycée den 2. Oktober 1911 opzemaachen[2]. Op deen Datum war och d'Erëffnung vum Lycée de jeunes filles à Esch-sur-Alzette duerch Arrêté ministériel vum 20. September 1911 fixéiert ginn[3].

1926 gouf beim Glacis, tëscht dem Boulevard Paul Eyschen, der Rue des Glacis an dem Boulevard Emmanual Servais en eegent Gebai fir de Lycée de jeunes filles ageweit. Haut ass dat den alen Deel vum Schoulgebai. Architekt war den Nicolas Petit.

1968 huet d'Reform vum Minister Jean Dupong d'Coeducation agefouert an domat sinn d'Schoulprogrammer an de Schoulparcours identesch gi fir d'Jongen a fir d'Meedercher[4]. Dee Prinzip vun der Coeducation ass am Joer 1972 am Lycée de jeunes filles ëmgesat ginn an de Lycée huet en neien Numm misse kréien. D'groussherzoglecht Reglement vum 14. Januar 1972 huet den Numm op Lycée Robert-Schuman ëmgeännert[5].

1979 gouf ugefaangen, de Lycée ze moderniséieren an ze vergréisseren. Ageweit gouf en 1987. Architekt war de Laurent Schmit. An de Joren 1999 bis 2007 gouf du substantiell vergréissert an ëmgebaut, woubäi de Lycée ë. a. eng grouss Bibliothéik a méi Plaz fir d'Restauratioun krut. D'Architektin war d'Françoise Folmer.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marie-Anne Werner, Dan Elvinger: 1909 bis 2009 - Das "Lycée Robert Schuman" feiert sein hundertjähriges Bestehen. Eine Schule die mit der Geschichte wuchs, Tageblatt Nr 56 vum 8. Mäerz 2010, S. 28
  • Rosemarie Kieffer & Marie-Anne Werner (Redaktioun) + ronn 40 verschidden Auteuren: 1909-1989 - Lycée de Jeunes Filles / Lycée Robert Schuman - 80e anniversaire ; Lëtzebuerg (Drock: Sankt-Paulus), 1990; 267 Säiten.
  • Auguste Oster, Histoire du Lycée de jeunes filles de Luxembourg 1909-1946 ; Lëtzebuerg (Drock: Bourg-Bourger), ouni Datum; 48 Säiten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 17 juin 1911, concernant l'organisation de l'enseignement moyen des jeunes filles (lycée). legilux.lu (17.06.1911). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  2. 2,0 2,1 Arrêté du 26 juillet 1911, concernant l'ouverture du lycée de jeunes filles à Luxembourg. legilux.lu (26.07.1911). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  3. Arrêté du 20 septembre 1911, concernant l'ouverture au lycée de jeunes filles à Esch-s.-Alz. legilux.lu (20.09.1911). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  4. Loi du 10 mai 1968 portant réforme de l'enseignement (Titre VI: De l'enseignement secondaire). legilux.lu (10.05.1968). Gekuckt de(n) 01.10.2022.
  5. Règlement grand-ducal du 14 janvier 1972 octroyant une dénomination particulière au Lycée de jeunes filles de Luxembourg. legilux.lu (14.01.1972). Gekuckt de(n) 01.10.2022.