Xavier-Brasseur-Buer

Vu Wikipedia
Xavier-Brasseur-Buer
De fréiere Buer Xavier-Brasseur, haut Blummebac
Typ Sprangbuer
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Rue des Glacis
Koordinaten 49°37'5,351"N, 6°7'32,941"O
Ageweit 15. August 1926
Material Steen
Kënschtler Albert Kratzenberg
Architekt Nicolas Petit
Zu Éiere vun Xavier Brasseur

Den Xavier-Brasseur-Buer ass e Buer um Lampertsbierg an der Stad, deen tëscht 1922 an 1926, zesumme mam deemolege Meedercherslycée gebaut gouf. D'Sculpturaarbechte si vum Albert Kratzenberg[1] an de Plang vum Nicolas Petit deen déi Zäit Architekt vun der Stad Lëtzebuerg war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Projet vum Xavier-Brasseur-Denkmal (1913)

De Buer ass um Eck vum Boulevard Emmanuel Servais an der rue des Glacis an der südlecher Begrenzungsmauer vum Lycée agebaut. De schéin dekoréierte Buer huet en einfache Rouer aus deem d'Waasser an e stengene Baseng drënner fléisst. Dat iwwerschëssegt Waasser leeft vun do aus duerch en Iwwerlaf an d'Kanalisatioun.

De Brasseur war e grousse Frënd vum Stater Park an e passionéieren Ornitholog. No sengem Doud (1912) ass séier d'Iddi opkomm fir am Park en 9 Meter héicht Denkmal mat enger Vullendränk zu sengen Éieren opzeriichten. Et sollt am Amaliapark, südëstlech vun der Kinnekswiss opgeriicht ginn[2],[3]. Warscheinlech ass de Projet awer wéinst politesche Meenungsverschiddenheeten net realiséiert ginn.

Gutt zéng Joer duerno gouf de Buer zu Éiere vum Brasseur dunn de 15. August 1926 ageweit. E fonctionéiert awer schonn zanter enger Rei Joren[Wéini ?] net méi. Haut gëtt en als Blummebac gebraucht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Xavier-Brasseur-Buer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Monuments et arts urbains op maps.vdl.lu, gekuckt den 13. Januar 2020
  2. Gedenkstein Xavier Brasseur an: Die neue Zeit den 29. Januar 1913, S. 2
  3. Der Erinnerungsbrunnen an Xavier Brasseur im Stadtpark zu Luxemburg an: Die neue Zeit - Beilage zu Nr 60 vum 26. Januar 1913, S. 5