Mario Draghi

Vu Wikipedia
Mario Draghi
Gebuer 3. September 1947
Roum
Nationalitéit Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza,
Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Ekonomist, Banquier, Universitéitsprofesser, Politiker
Partei Onofhängeg

De Mario Draghi, gebuer den 3. September 1947 zu Roum, ass en italieeneschen Ekonomist, Banquier, Universitéitsprofesser an héije Fonctionnaire, deen tëscht 2011 an 2019 President vun der Europäescher Zentralbank (EZB) war.[1] Virdru war hie vun 2005 bis 2011 Gouverneur vun der Banca d'Italia.[2] Zanter dem 13. Februar 2021 ass hie President vum Ministerrot (Presidente del Consiglio), d. h. Ministerpresident vun der italieenescher Regierung.[3]

No enger laanger Karriär als akadeemeschen Ekonomist an Italien huet den Draghi an den 1980er Jore fir d'Weltbank zu Washington, D.C. geschafft, a goung 1991 hannescht op Roum, fir Generaldirekter vum Finanzministère ze ginn. 10 Joer drop ass hie bei d'Bank Goldman Sachs gewiesselt, ier en 2006 zum Gouverneur vun der Banca d'Italia ernannt gouf. Hie war ausserdeem éischte President vunm Financial Stability Board.[4]

Seng Presidence vun der Europäescher Zentralbank war ufanks markéiert vun der Eurokris, an hie gouf bekannt mat senger Ausso, alles ze maachen, fir en Echec vum Euro ze verhënneren (Whatever it takes).[5],[6]

Den 3. Februar 2021, wärend der COVID-19-Pandemie, gouf den Draghi vum italieenesche President Sergio Mattarella nom Récktrëtt vum Giuseppe Conte chargéiert fir eng nei Regierung ze forméieren.[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mario Draghi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mario Draghi- Biography & Facts op britannica.com, gekuckt 2021-02-14.
  2. Mario Draghi, European Central Bank: Profile and Biography. bloomberg.com, gekuckt 2021-02-14.
  3. Italien: Mario Draghi als italienischer Ministerpräsident vereidigt. zeit.de, 2021-02-13.
  4. Nathan Reiff: Who Is Mario Draghi? investopedia.org, gekuckt 2021-02-14.
  5. European Central Bank: of the remarks made by Mario Draghi.", 2012-07-26 op ecb.europa.eu, gekuckt 2021-02-14.
  6. "‚Whatever it takes‘ – a speech and its implications for the euro area." kfw.de, gekuckt 2021-02-14.
  7. Matthias Rüb: "Nach gescheiterter Sondierung: Mattarella will früheren EZB-Chef Draghi als Regierungschef." faz.net, 2021-02-03