Martine Deprez
Martine Deprez | |
---|---|
Gebuer |
26. Abrëll 1969 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Léck |
Aktivitéit | Politiker, Mathematiker |
Partei | CSV |
D'Martine Deprez, gebuer de 26. Abrëll 1969[1] zu Wolz[2], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Zanter dem 17. November 2023 ass si Gesondheetsministesch an der Regierung Frieden-Bettel[3].
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Si huet op der Universitéit vu Léck Mathematik studéiert (1989-1992) a huet duerno, vun 1992 bis 2001 als Chargée d'études bei der Inspection générale de la sécurité sociale geschafft. Vu Januar 2002 u war si Mathematikprofessesch am Lycée Aline-Mayrisch an duerno am Lycée Hubert-Clément bis si Ministesch gouf.[4]
Si war Kandidatin am Südbezierk fir d'Chamberwale vum 7. Juni 2009 a gouf do déi fënneft op der Lëscht vun hirer Partei, net genuch fir e Sëtz am Parlament.[5]
Si war zanter dem 8. November 2012 Member vum Staatsrot[6], bis s'am November 2023 an der Regierung Frieden-Bettel de Posten als Gesondheetsministesch a Ministesch fir d'Sécurité sociale ugeholl huet.
Vun Oktober 2015 bis 2019 war si Presidentin vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)[7][2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Martine Deprez – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Martine Deprez: Portrait vun der neier Quereinsteigerin op play.rtl.lu, 28.11.2023
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun alle Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ 2,0 2,1 F5499 UGDA, am Handelsregëster, lbr.lu, gekuckt de 16.11.2023
- ↑ Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
- ↑ Fiche fir d'Chamberwalen 2009 op csv.lu
- ↑ "Staatsrot: Martine Deprez Member? Kritik vu Gréng an ADR!" RTL.lu - 10.07.2012, 15:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 17:36
- ↑ Annonce vun der Martine Deprez hirer Vereedeguing als Member vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de(n) 2013-01-24. Gekuckt de(n) 2012-12-16.
- ↑ "Ugda: Martine Deprez nei Presidentin." rtl.lu, 30.10.2015, 07:34:46.