Op den Inhalt sprangen

Mathias Hertert

Vu Wikipedia
Mathias Hertert
Gebuer 14. Juni 1799
Gestuerwen 20. Oktober 1863
Eech
Alter 64 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Wiert, Schmadd, Politiker
Fonctioun Deputéierten, Buergermeeschter
Member vun Assemblée constituante vun 1848, Chamber

De Mathias Hertert, gebuer de 14. Juni 1799, a gestuerwen den 20. Oktober 1863 zu Eech, war e Wiert, Schmadd a Proprietär zu Eech[1].

Hie war 1848 Member vun der Constituante, vun 1848 bis 1856 Deputéierten, vun 1830 bis 1838 Buergermeeschter vun der Gemeng Eech an duerno Schäffen an der selwechter Gemeng (vun 1849 bis 1855 a vun 1861 bis zu sengem Doud)[1].

Fir un de Mathias Hertert z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 22. Mäerz 1960 decidéiert, déi fréier Rue de Béreldange zu Beggen no him ze nennen: d'Rue Mathias Hertert leeft vun der Beggener Strooss bis op d'Gemengegrenz mat Walfer[2].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Evy Friedric, Paul Ruppert, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu (1980). Gekuckt den 11.10.2024.
  2. Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt den 11.10.2024.