Meta Brahms

Vu Wikipedia
Meta Brahms
Fréiert Gebai Meta-Bahms no der Renovatioun vun 2019/20 (2021)
Land Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress Eck Groussgaass/Neipuertsgaass
Koordinaten 49° 36’ 44’’ N
      06° 07’ 41.1’’ O
Baustil Modernismus
Architekt(en) Nicolas Schmit
Datum vum Bau 1932 - 1934

Ënnert dem Numm Meta Brahms war e Gebai an der Groussgaass, um Eck mat der Neipuertsgaass bekannt. D'Gebai besteet haut nach, den Numm ass awer aus dem Sproochgebrauch verschwonnen.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai gouf tëscht 1932 an 1934 no de Pläng vum Architekt Nicolas Schmit (1899-1964) gebaut. Zur selwechter Zäit goufen an der Groussgaass nach dräi aner Gebaier modernistesch Geschäftshaiser (Jenny Grünstein, À la Bourse a Berg) opgeriicht.

Zur Zäit wéi d'Gebai gebaut gouf, hate sech zwou Firmen, Paul Wurth S.A. an d'ARBED drop spezialiséiert fir Gebaier mat enger Stolcharpente opzeriichten.

Fir d'Geschäftsleit war d'Bauweis intressant, well d'Bauzäit relativ kuerz konnt gehale ginn a si doduerch éischter vun hire Geschäftslokaler profitéiere konnten.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Renovatioun vum Gebai (Juli 2019)

D'Gebai huet 4 Stäck; et huet op der ganzer Längt grouss Fënsteren duerch déi vill Luucht era fléisst. D'Fassad war ursprénglech mat Travertin agekleet.

Den Iwwerdaach um Rez-de-chaussée sollt et sengerzäit schonn erlabe fir bei all Wieder d'Butteksfënsteren ze kucken. Wéi et opgoung war um Rez-de-chaussée d'Hutt- a Moudegeschäft Meta-Brahms dran. Méi spéit[Wéini ?] koum eng lëtzebuergesch Bijouterie an d'Gebai, bis se 2017 zougemaach huet[1]. 2019/20 gouf d'Gebai renovéiert an duerno koum e Buttek mat Luxusaueren dran.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meta Brahms – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Kass-Jentgen tire le rideau en centre-ville op paperjam.lu de 16. August 2017, gekuckt de 15. Juli 2019