Mortier (Belsch)

Vu Wikipedia
Mortier
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Blegny
Koordinaten 50° 40’ 56’’ N
      05° 44’ 34’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4670

Mortier ass eng belsch Uertschaft a Sektioun vun der Gemeng Blegny an der Provënz Léck.

Mortier läit am Pays de Herve a war bis zur belscher Gemengereform vun 1977 enge eegestänneg Gemeng.

Mortier war eng Seigneurerie déi de Karolenger gehéiert huet, an déi am 10. Joerhonnert d'Kapitel vum Oochener Doum geschenkt krut. Spéider huet Mortier zur Grofschaft Dalhem gehéiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Saint-Pierre déi schonn am 9. Joerhonnert ernimmt gëtt. De massiven Tuerm mat Mollonge gebaut, gëtt op 11. Joerhonnert datéiert. D'Schëff an de Chouer goufen am Laf vun der Zäit e puermol restauréiert, a schliisslech 1844, am neiromanesche Stil mat duebele Fënsteren opgeriicht.
  • Ronderëm d'Duerfplaz stinn en ettlech schéin Haiser aus dem 18. Joerhonnert, an deenen ee Musée ze fannen ass, an zwar de Musée de la Fourche an deem en eng Kollektioun vu Gafele gesi kann, an och soss Baueregeschier dat an der Géigend gebraucht gouf, wéi Séisselen, Séchelen, Rompfässer, Kieleren a Kichegeschier. De Musée ass am Haus N° 23 ze fannen an e kann op Ufro beim Proprietär (Tel: 0032-04-387 42 49) besicht ginn.
  • De Château de Cortils déi fréier Seigneurerie vu Saint-André. D'Gebai gouf fir d'éischt 1515 schrëftlech ernimmt. Den Domaine huet de Walgrave de Cortils gehéiert, Junkeren aus dem 11. Joerhonnert. Ëm d'Schlass ware Waassergrief déi vum Ruisseau de Lonneux gefiddert goufen. D'Schlass gouf 1787 am Vaubanstil restauréiert. Am Schlasshaff ass en 150 Joer ale Mammutbam ze gesinn.

D'Schlass an den Haff sinn haut am Besëtz vun der Famill Baudouin Laugs. Wéinst Restauratiounen déi geplangt sinn, an déi sou vill wéi méiglech, der Geschicht vum Schlass sollen entspriechen, ginn zanter dem Ufank vun Joer 2008 Recherchen an Zesummenaarbecht mat den zoustännege Ministère gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mortier – Biller, Videoen oder Audiodateien
Mortier vu Süde gesinn
D'Haaptgebai vum Schlass am Mee 2008
Den Haff mat dem Musée de la Fourche