Mount Lemmon Observatoire
De Mount Lemmon Observatoire Mount Lemmon Observatory (MLO), och als Mount Lemmon Infrared Observatory bezeechent, ass en astronomeschen Observatoire op enger Héicht vun 2.790 m um Bierg Mount Lemmon an de Santa Catalina Mountains ongeféier 28 Kilometer nord-ëstlech vun Tucson am US-Bundesstaat Arizona. D'Anlag am Coronado National Forest, déi en ettlech onofhängeg Teleskopen ëmfaasst, gëtt vum Steward Observatoire vun der Universitéit vun Arizona bedriwwen a krut dofir eng Spezialautorisatioun vum U.S. Forest Service.
Geschicht vum Observatoire
[änneren | Quelltext änneren]De Mount Lemmon Observatoire gouf 1954 ufanks als Radarstatioun vun der Air Defense Command mat der Bezeechnung Mount Lemmon Air Force Station gebaut. Nodeem en 1970 un de Steward Observatoire ugeschloss gouf, gouf d'Anlag an en Infrarout-Observatoire ëmgebaut. Bis 2003 gouf ee vum Fort Huachuca aus gesteierte Radartuerm fir Observatioune vu Rakéitestarte vun der White Sands Missile Range an New Mexico a vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien gebraucht.
Instrumentéierung
[änneren | Quelltext änneren]Um Mount Lemmon ginn am Ganze 7 Teleskope bedriwwen, wovun déi wichtegst hei hannendrun opgezielt sinn:
- Den 152 cm Steward Observatory Teleskop ass e Cassegrain-Teleskop a gëtt fir de Mount Lemmon Survey (MLS) gebraucht, dee Bestanddeel vum Catalina Sky Survey (CSS) ass. Hie gouf an de spéiden 1960er Jore gebaut a war ufanks an der Catalina Statioun op dem Mount Bigelow an de Santa Catalina Mountains installéiert. Et gouf 1972 op de Mount Lemmon bruecht a 1975 op senger haiteger Plaz montéiert. Den originelle metallenen Haaptspigel hat eng schlecht Qualitéit a gouf 1977 mat engem Glasspigel aus Cer-Vit ersat. Et ass ee vun den Teleskopen, dee vun de Studenten am Kader vum Astronomy Camp benotzt gëtt. Mat him gouf den Asteroid 2011 AG5 entdeckt, deen den Niveau 1 op der Turiner Skala erreecht hat[1]
- Een sowuel am optesche Beräich wéi och am noen Infrarout brauchbaren 152 cm Dall–Kirkham-Teleskop gouf 1970 a Betrib geholl an ass dat eenzegt Instrument um Mount Lemmon dat vun der University of Minnesota (UMN) bedriwwe gëtt. Et huet grondsätzlech déi selwecht Bauart wéi den 152 cm Steward Teleskop an e weidert am Observatoire an der Sierra San Pedro Mártir. Den originelle metallenen Haaptspigel hat déi selwecht Feeler wéi dee vum Stewart-Teleskop a gouf 1974 mat engem Glasspigel aus Cer-Vit ersat.
- Een am Joer 2003 installéierte vollautomateschen Teleskop mat engem Spigelduerchmiesser vun 100 cm ass dat eenzegt Instrument um Mount Lemmon, dat vum Korea Astronomy and Space Science Institute (KASI) bedriwwe gëtt.
- Den 81 cm Schulman Teleskop ass ee Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop dee vum RC Optical Systems gebaut gouf a gouf am September 2010 installéiert. Et gëtt vum Mt. Lemmon SkyCenter bedriwwen an ass dee gréisste Volleksobservatoire an Arizona.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Steward Observatoire
- Mount Lemmon SkyCenter - Offiziell Websäit
- Mt. Lemmon Observatory Clear Sky Clock Virausso vun Observatiounskonditiounen.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Asteroid 2011 AG5 - A Reality Check (NASA) Archivéiert de(n) 2021-04-16. Gekuckt de(n) 2012-06-28.