Näerdener Baach
D'Näerdenerbaach vum Flouer Eech aus gesinn. Am Hannergrond Näerden, Enn Mäerz 2013 | |
Längt | 3,19 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäinbaseng |
Originn | |
Originn | Zesummelaf |
Plaz | Hitten |
Héicht | 275 m |
Koordinaten |
49° 44’ 11.0’’ N 05° 54’ 27.3’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Pall |
Plaz | Nidderpallen |
Héicht | 263 m |
Koordinaten |
49° 45’ 14.6’’ N 05° 54’ 49.9’’ O |
Geographie | |
Land |
![]() |
Regioun | Guttland |
Uertschaften |
Hitten Näerden Nidderpallen |
D'Näerdener Baach vun den Näerdener och nach Wobech genannt, ass eng kleng Baach an de Gemenge Biekerech a Réiden op der Atert.
Si entsteet aus der Mollbaach an der Millebaach déi just hanner Hitten op enger Héicht vun 275 m zesummelafen. Si leeft dann no Osten fir op Näerden ze kommen, wou se virum Duerf no Norden dréit, leeft dann duerch d'Duerf an ënner der N 24 erduerch, fir dann no ongeféier 1.700 m bei Nidderpallen, op enger Héicht vun 263 m, an d'Pall ze lafen.
Et ass e rietsen Niewefloss vun der Pall, an huet selwer zwou kleng Baachen ouni Numm déi hanner Näerden dra lafen, eng riets déi vum Flouer Geespeltchen kënnt, an eng lénks déi tëscht Biekerech a Réiden op der Atert op Kréber entspréngt.
Biller[änneren | Quelltext änneren]
D'Baach vun der Bréck op der Vëlospist PC17 tëscht Näerden an Nidderpallen aus gesinn, Januar 2013
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Näerdener Baach – Biller, Videoen oder Audiodateien |