Op den Inhalt sprangen

NGC 1600

Vu Wikipedia
NGC 1600
D'Konstellatioun Eridanus
Stärebild Eridanus (Eri)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 4h 31m 39,9s
Deklinatioun - 5° 05' 10"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E3[1]
Visuell Magnitude 11,93[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,0[2] mag
Wénkelduerchmiesser 2,5 × 1,7[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin² [2]
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 45,77 M. Parsec
Routverrécklung 0,015614
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel[3]
Entdeckungsdatum 26. November 1786
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
MCG -1-12-17
NGC 1600
PGC 15406

Den NGC 1600 ass eng Elliptesch Galaxie vum Typ E3 a läit am Stärebild Eridanus. D'Galaxie huet eng Wénkelgréisst vun 2,5' × 1,7', eng visuell Magnitude vu +11,9 mag an ass als staark Quell vu Röntgenstralung bekannt. Obwuel den NGC 1600 dacks als e Member vun enger verstreeter Grupp vu Galaxien klassifizéiert gëtt, huelen d'Wëssenschaftler un, et kéint sech dobäi ëm Satellittegalaxien vun NGC 1600 handelen, well all Nopeschgalaxien vill méi liichtschwaach sinn an d'Zuel mat der Distanz zu NGC 1600 ofhëlt. Zu deene ronn 30 bekannte Galaxien, déi sech op enger Distanz vu bis zu 1 MPc befannen an eng änlech Routverrécklung hunn, gehéieren ënner anerem NGC 1601, NGC 1603, NGC 1604, NGC 1606, NGC 1580, NGC 1594, NGC 1599, NGC 1607, NGC 1611 an IC 373.[4]

Den Zentrum vun de relativ isoléierte Galaxien huet masseräich Schwaarz Lächer. Zousätzlech huet den Zentrum vun der Galaxie net vill Stären, wat drop hiweise kéint, datt et fréier zwou Galaxië waren – a sech hir Schwaarz Lächer – verschmolt hunn[5] an dobäi vill Stären aus dem Zentrum erausgeschleidert goufen. Dat supermasseräicht Schwaarzt Lach dat sou entstanen ass, ass zirka 17 Milliarde mol méi schwéier wéi eis Sonn.[6]

Portal Astronomie

Commons: NGC 1600 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 2,2 SEDS
  3. cseligman.com: New General Catalog Objects: NGC 1600 - 1649, gekuckt den 8. Abrëll 2016
  4. Rodney M. Smith, Vicent J. Martínez, Alberto Fernández‐Soto, Fernando J. Ballesteros, Amelia Ortiz‐Gil: NGC 1600: Cluster or Field Elliptical?. In: The Astrophysical Journal. 679, 2008, S. 420.
  5. M. Matthias, O. Gerhard: Dynamics of the boxy elliptical galaxy NGC 1600. In: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. 310, 1999, S. 879.
  6. heise.de: Astronomen finden supermassives Schwarzes Loch an unerwartetem Ort, gekuckt de 7. Abrëll 2016