NGC 3628
Ausgesinn
|
Foto vun der Galaxie am visuelle Liicht | |
| Stärebild | Leo (Leo) |
|---|---|
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
| Rektaszensioun | 11h 20m 16.93s |
| Deklinatioun | + 13° 35' 13.7"[1] |
| Ausgesinn | |
| Hubble-Sequenz | SAb pec sp[2] |
| Visuell Magnitude | +9,6[3] mag |
| Visuell Magnitude (B-Band) | +10,4 mag |
| Wénkelduerchmiesser | 13.48 × 4.265[1] |
| Flächenhellegkeet mag/arcmin² | +13,5[3] |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Gehéiert zu | M66-Grupp (Leo-Triplett) |
| Distanz (Lj) | zirka 30 Mio. |
| Routverrécklung | (240 ± 22) ∙ 10-6 |
| Radialvitess | (+718 ± 76)[1] |
| Absolutten Duerchmiesser | 120 000 |
| Geschicht | |
| Entdecker | Wilhelm Herschel |
| Entdeckungsdatum | 8. Abrëll 1784 |
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
| Arp | 317 |
| GC | 2378 |
| h | 859 |
| H | 5.8 |
| IRAS | 11176+1351 |
| MCG | +2-29-20 |
| NGC | 3628 |
| PGC | 34697 |
| UGC | 6350 |
| VV | 308b |
| ZWG | 67.58 |
Den NGC 3628 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Leo. Den NGC 3628 huet eng Ausdeenung vun 13,5' × 4,3' (Duerchmiesser zirka 120.000 Lj) an huet eng Hellegkeet vun 9,5 mag. Si gehéiert zum Hubble-Typ Sc. Zesumme mam Messier 66 a mam Messier 65 formt se de Leo-Triplett, de Kär vun der M66-Galaxiëgrupp.
Op méi laang beliichte Fotoen ass e Gezäiteschwäif ze gesinn, dee vun der Galaxie fortgeet. Warscheinlech entstoung se duerch d'Wiesselwierkunge mat de Gravitatiounsfelder vun de béiden Nopeschgalaxien M 65 an M 66.
Den NGC 3628 gouf den 8. Abrëll 1784 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]