Nationalstrooss 1D

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 1D
Verbindung A1 - N1
Ufank Verdeeler Mäertert
Koordinaten 49°41'34,94"N, 6°27'4,36"O
Enn Nationalstrooss 1
Koordinaten 49°41'36,46"N, 6°27'38,88"O
duerch Gréiwemaacher, Mäertert
Opgaangen 6. September 1988
Deklasséiert 15. Dezember 2021
Längt 800 m
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 1D
Laf an Uschlëss
Verdeeler Mäertert A 1
Mäerterter Hafen N 1

D'Nationalstrooss 1D oder och d'N1D war bis Enn 2021 eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Gréiwemaacher um Territoire vun de Gemenge Gréiwemaacher a Mäertert.

Si ass vum Verdeeler Mäertert vun der A1 an de Museldall gelaf, wou se tëscht Mäertert a Gréiwemaacher, op der Héicht vum Mäerterter Hafen Uschloss un d'N1 hat.

D'N1D war 800 m laang, dovun 395 m an der Gemeng Gréiwemaacher a 405 m zu Mäertert.

Entwécklung vun der N1D[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Strooss ass de 6. September 1988 zesumme mam Deelstéck Waasserbëlleg - Potaschbierg vun der A1 opgaangen.
  • Den 22. Dezember 1995 krut se de Statut vun enger Nationalstrooss[1].
  • Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwer d'Reklassement vum Stroossereseau ass d'Nationalstrooss als Autobunnsbrëtell deklaréiert ginn[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. (Tabell VIII, Säit 116). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-07.
  2. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.