Nic Herber

Vu Wikipedia
Nic Herber
Gebuer 4. Juni 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler

Den Nic Herber, gebuer de 4. Juni 1954 zu Lëtzebuerg[Source?], ass e lëtzebuergeschen "Allround-Kënschtler", aktiv a verschiddenen Domäne wéi Molerei, Zeechnen, Film, 3D Computer Animatioun, an ënner anerem Konschthandwierk.

No sengem Secondaire op der Sektioun Beaux-Arts am Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg huet hien am Centre de recherches archéologiques et historiques anciennes et médiévales op der Universitéit zu Caen säin Diplom a mëttelalterlecher Archeologie a Geschicht gemaach.

Tëscht 1972 an 1988 huet hien an der Stad, zu Réimech, Mamer, Ettelbréck, Neuwied an Däitschland an zu Clécy an der Normandie ausgestallt, an 1976 an 1977 als Kameramann bei RTL geschafft. Duerno huet hie seng Aarbecht op d'Museographie an d'Restauratioun vun archeologesche Siten an Objete konzentréiert. Hien ass aktiv an audiovisuelle Produktiounen a gouf sech 2006 un d'Computeranimatioun.

E puer vu sengen Aarbechte waren d'Restauratioun vun der Wandmolerei vum Abraham Gilson an der "Maison Merjay" an der Stater Nordstrooss, an zesumme mam Atelier Weis, d'Konzeptioun an d'Realisatioun vum "Sall Willibrord" am Iechternacher Abteimusée.

Seng Firma "Anubis Pictures" ass spezialiséiert an der Kommunikatioun tëscht der historescher Recherche an dem grousse Publikum.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1973, Prix de l'encouragement op der "Biennale de la peinture et de la sculpture des jeunes", am Escher Theater.
  • 1983, Éischte Präis an der Molerei vum Jury a vum Publikum um "Salon des léopards" zu Trouville-Deauville a Frankräich.
  • 2012, selektionéiert mat der 3D-Animatioun "L'Homme de Loschbour" um "Festival du film de préhistoire du Pech Merle" a Frankräich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]