Nicolas Kinsch

Vu Wikipedia
Nicolas Kinsch
De Monseigneur Kinsch an Afrika
Gebuer 31. Oktober 1904
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 23. Mäerz 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

Den Nicolas Kinsch, gebuer den 31. Oktober 1904 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 23. Mäerz 1973 zu Lëtzebuerg[1], war Äerzbëschof vu Kisangani, dem fréiere Stanleyville am Belsche Kongo (spéider Zaïre, haut Demokratesch Republik Kongo).

Den Nicolas Kinsch huet säig Secondaire an der deemoleger École apostolique vu Clairefontaine zu Badebuerg an der Belsch gemaach. Den 12. Juli 1931 gouf hien zum Priister an der Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Patere geweit.[2]

Hie war vum 7. Mee 1958 bis den 10. November 1959 Apostolesche Vikar vu Stanleyville, an duerno, bis de 26. September 1967, Äerzbëschof vu Kisangani.

Säi Liewensowend huet en am Häerz-Jesu Retraiten-Haus um Houwald verbruecht.

Hie war de Monni vum Joseph Kinsch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Nicoals Kinsch am Luxemburger Wort vum 24. Mäerz 1973 op der Säit 7 op eluxemburgensia.lu gekuck den 2. Januar 023
  2. Biographie op catholic-hierarchy.org